Radioen

On air

Notturno  |  Englbrt - Euphoria

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Roll vun der Wëssenschaft an der Klimapolitik

Weltklimasommet

D'Roll vun der Wëssenschaft an der Klimapolitik

Wëssenschaftlech Erkenntnisser iwwer de Klimawandel gi bei den internationale Klimaverhandlungen net eescht genuch geholl. Där Meenung ass den US-amerikanesche Klimafuerscher James Hansen. Wat fir eng Roll kann an dierf d'Wëssenschaft an der Klimapolitik spillen? Dorëms goung et bei enger Konferenz um Bord vum Klimasommet.

auto_stories

4 min

Den James Hansen am Gespréich mam Public, no senger Konferenz den 1. Dezember am "Place to B", een Treffpunkt fir d'Zivilgesellschaft während dem Klimasommet zu Paräis

Naturwësseschaftlech Recherche bedeit am Kär, datt ee sech eng Methode muss ginn. Där Meenung ass den James Hansen, laangjärege Chef vun enger Fuerschungsunitéit bei der US-Weltraum-Agence NASA. Mee d'Method, grad wéi d'Resultater misst een ëmmer nees hannerfroen. Als Klimafuerscher misst ee besonnesch skeptesch bleiwen, well souvill verschidde Fuerschungsberäicher concernéiert wären.

D'Politik géif awer anescht funktionéieren: "D'Leit komme mat enger Äntfert. An da fanne se déi néideg Beweiser, fir déi Äntfert ze ënnermaueren." Aus wësseschaftler Perspektiv misst een zum Beispill zur Conclusioun kommen, datt Emissiouns-Handels-Systemer net funktionéieren. Politiker hätten dat Instrument awer gär, well si domat eppes kéinte verdeelen.

"D'Äis schmëlzt ëmmer méi séier"

Géif et dem Wëssenschaftler no goen, missten déi klimaschiedlech Emissiounen weltwäit méiglechst séier a staark reduzéiert ginn. Hien ënnersträicht deen Opruff mat neie Fuerschungsresultater, déi deemnächst solle publizéiert ginn. Dës Resultater géifen iwwer dat eraus goen, wat am leschte Rapport vum Weltklimarot stoung. D'Schmëlze vum Äis an der Antarktis an a Groenland hätt nämlech méi staark Konsequenzen, wéi erwaart.

"Mir behaapten, dass d'Quantitéit vu Waasser, dat duerch d'Schmëlze vum Äis entsteet, net linear ropgeet, mee sech all zeng Joer verduebelt. A 40 bis 50 Joer kann dat eng Hausse vun e puer Meter vum Mieresspigel bedeiten." Am Mier géif dëst Phänomen sech mat engem Ofkille vun der Surface vum Waasser ronderëm d'Antarktis manifestéieren. Dat frëscht Waasser géif de Mechanismus stéieren, mat deem waarmt Waasser aus der Déift erop kënnt. Amplaz bleift dat waarmt Waasser elo ënnen an dréit do derzou bäi, datt och déi déif Äis-Schichten schmëlzen: "Mir gesinn, dass genau dat geschitt. D'Äis schmëlzt ëmmer méi séier."

Steier fir fossil Ressourcen

Wann dee Prozess esou viru geet, brécht dem James Hansen no Chaos aus: Während et am Norden méi kal gëtt, géifen d'Temperaturen ronderëm den Äquator klammen. D'Konsequenz wiere méi staark Stierm. Fir de Klimafuerscher ass kloer, datt d'Wëssenschaft muss hëllefen Äntwerten formuléieren - och wann hien bei der NASA ëmmer gesot kritt hätt, hien soll sech aus der Klimapolitik raushalen. Hien hätt decidéiert, dat ze ignoréieren a seng Proposen ze maachen.

De fundamentale Problem gesäit hie bei der Iwwerzeegung, datt fossil Energien déi bëllegst wären. Well de Präis fir d'Allgemengheet net mat aberechent wier, fuerdert de Chercheur méi Steieren op fossile Ressourcen. "Wann ee wëll wirtschaftleche Chaos verhënneren, mécht een dat net vun haut op muer. Mee déi Steier kéint ee lues a lues erop setzen." 

Matsproochrecht fir Jiddereen?

Wëssenschaftler sollte sech aus der Klimapolitik eraushalen. Där Iwwerzeegung ass d'Naomi Klein. Obwuel déi kanadesch Journalistin a Klimaaktivistin mam James Hansen senge Propose sympathiséiert. Jidderee misst kënne bei der Transitioun vu fossilen op erneierbar Energie matschwätzen. Nëmme sou kéint eng fair Wirtschaft entstoen.

Dëse Klimasommet géif dofir net déi bescht Viraussetzunge bidden. Och well an an der Suite vun den Attentater vum 13. November d'Demonstratioune vun der Zivilgesellschaft verbuede goufen. Doduerch hätte Wirtschaftsacteure méi Plaz kritt, fir hir Interessen an de Mëttelpunkt ze stellen. Zum Beispill de Bill Gates, dee Sue fir Fuerschung am Energiesecteur wëll bereet stellen.

"De Bill Gates sicht een Energie-Wonner. An hien spillt d'Roll vun den Erneierbare systematesch erof. Hie seet déi Erneiberar wieren "häerzeg", mee méi net. Hien fuerdert ëffentlech Gelder fir Fuerschung. Mee wat ass mat Gelder fir den ëffentlechen Transport auszebauen? A wat ass mat ëffentleche Gelder fir dezentral Produktioun vun erneierbaren Energien? Mir kënnen deen Terrain net de Milliardären iwwerloossen."