Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Gabriels - Glory

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi eng Schwéierpunkter fir d'Educatiounspolitik?

Chamberwahlen 2018

Wéi eng Schwéierpunkter fir d'Educatiounspolitik?

Bal d'Halschent vun der Populatioun huet net d'Lëtzebuerger Nationalitéit. A just 36 Prozent vun de Schüler an der Grondschoul schwätze Lëtzebuergesch doheem. Gëtt d'Schoul der Vilfalt vun de Schüler gerecht? A wéi steet et ëm d'Chancëgläichheet an der ëffentlecher Schoul, no enger Legislatur déi an der Educatiounspolitik vu ville Reforme gepräägt war?

auto_stories

3 min

D'DP plangt an hirem Wahlprogramm keng zousätzlech Mesuren an der Grondschoul fir den Enseignement vun de Sproochen, seet de Lex Delles (DP). D'DP géif weiderhin zur Alphabetiséierung op däitsch stoen. D'Schafe vun internationale Schoulen a vun Europaschoulen géif der sproochlecher Villfalt vun de Schüler gerecht ginn.

D'Diversifizéierung vun der Schouloffer wier eng geféierlech Entwécklung, well déi international Schoulen net all d'Landessprooche géifen ubidden, wat duerno zu engem Desavantage um Aarbechtsmaart géif féieren, esou den Alain Herman (KPL). Fir den Alain Herman dierft d'Gewiichtung vun de Sproochen an der Schoul net änneren. D'KP wëll fir d'Kanner an de Maison Relaisen Hausaufgabenhëllef vun ausgebiltem Léierpersonal ubidden.

Wéi eng Ännerungen am Educatiounssystem?

D'KPL wéilt als éischt Mesurë méi Enseignanten an de Grondschoulen astellen, de Stage méi op maachen, a "méi fir de Beruff werben". "Mir hu jo am Programm stoen, datt mir den Educatiounsbudget ëm 30 Prozent wëllen erhéijen", seet den Alain Herman.

De Lex Delles hält de Bildungsdësch fir e ganz wichtege Wee, fir "mat Rou iwwer d'Bildung ze schwätzen, a fir Rou an de System ze bréngen". Et sollt een d'Reformen, déi gemaach goufen elo wierke loossen, an da gegebenenfalls Upassunge maachen.

KPL an DP géint PISA-Etude

Esouwuel déi Demokratesch Partei, wéi déi Kommunistesch Partei si géint PISA fir de Lëtzebuerger Bildungssystem ze evaluéieren. D'PISA-Etude wier eng Vergläichsetude, déi dem "Mikrokosmos" an der Villsproochegkeet vun der Bevëlkerung net Rechnung géif droen.

De sougenannte Bildungsdësch wier keng gutt Iddi, seet den Alain Herman, "mir schwätzen eis do éischter fir e Gewerkschaftsdësch aus". Dat géif awer net heeschen, datt d'Gewerkschaften de Schoulsystem eleng sollen evaluéieren. "Och d'Enseignanten, d'Leit vum Terrain, d'Educateuren, d'Psychologen, alleguer déi Leit déi an de Schoule schaffen, an natierlech och eng Vertriedung vun de Schüler an eng Vertriedung vun den Elteren", sollen dës Aufgab iwwerhuelen.

Bildungsdësch eng reell Alternativ?

E Bildungsdësch kéint als "neutraalt, externt Element" fonctionnéieren, kontert de Lex Delles. Froen déi sech an deem Kader gestallt solle ginn, wieren zum Beispill: "Wouhi gi mir, wat si Saachen déi gutt sinn, wat si Saachen déi net esou gutt fonctionnéieren". Gewerkschaften dierften net déi eenzeg Acteure sinn, déi iwwer d'Richtung vun der Educatiounspolitik decidéieren.

Och d'Elterenvertriedung, d'Schülervertriedung, "a Leit aus anere Beräicher" sollte kënne matschwätzen. dofir misst een och déi konkret Besoinen analyséieren, déi et um Terrain ginn, seet de Lex Delles.

Um sougenannte Bildungsdësch hätt d'Welt vun der Wirtschaft an aus der Finanzwelt ze vill Afloss. "Da wëllen déi natierlech hir utilitaristesch Kritären op d'Bildungslandschaft uwennen, an do schwätze mir eis ganz kloer dogéint aus."