Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi eng Zukunft fir d'Kooperatiounspolitik?

Fräie Mikro

Wéi eng Zukunft fir d'Kooperatiounspolitik?

De Michel Pauly, Mataarbechter vun der Zäitschrëft forum, stellt sech d'Fro, ob d'Kooperatiounspolitik mat Hëllefsaktioune fir aarm Länner nach Sënn mécht, wa mir net de globaliséierte Wirtschaftssystem änneren, dee weider wéi zur Zäit vum Kolonialismus déi Länner als bëlleg Liwwerante vu Réistoffer an Aarbechtskraaft consideréiert.

auto_stories

3 min

De Michel Pauly ass Mataarbechter vun der Zäitschrëft forum a fréiere Geschichtsprofesser op der Uni Lëtzebuerg. Foto: Archiv

Wéi ech virun eppes méi wéi 50 Joer op d'Resultater vum Premièresexamen hu misse waarden, sinn ech mat engem Kolleeg op Frankfurt gefuer a mer hunn ons beim DED, dem Deutschen Entwicklungsdienst, informéiert, wat si vun engem géifen erwaarden, wann een an der Entwécklungshëllef wéilt aktiv ginn. Si hunn ons geäntwert: si bräichten Handwierker, déi mat de Leit an Afrika, Latäinamerika oder Südostasië kéinte konkret hëllefen, d'Liewenskonditiounen ze verbesseren.

Dofir koume mir net a Fro. Mir hu verstanen, datt eist Engagement nëmme kéint hei am Land sinn. Wann een d'Ursaache vun der ongläicher Verdeelung vum Räichtum a vun de Liewenschancen op der Äerd wëllt ofschafen, da muss ee bei eis dee kapitalistesche Wirtschaftssystem a Fro stellen.

Räichtum baséiert op Ausbeutung vu fréiere Kolonien

An der Zäitschrëft forum, déi kuerz drop entstanen ass, gouf emol e Cartoon publizéiert, op deem en décke räiche Bourgeois engem aarmen, goueregen Afrikaner géintiwwer steet, an den Afrikaner seet him: Wier ech net aarm, wiers Du net räich.

Dat ass genee e Problem: Eise Räichtum berout op der Ausbeutung vun de fréiere Kolonien an dee System gouf och no der Entkoloniséierung weidergefouert. Am Zäitalter vun der Globaliséierung gouf et nach méi op d'Spëtzt gedriwwen, well elo net nëmmen d'Réistoffer aus den aarme Länner bei eis bruecht gi fir hei verschafft ze ginn, mee multinational Konzerner bauen an deene Länner hir Produktiounshalen op, fir mat bëlleger Aarbechtskraaft, ouni Récksiicht op Ëmweltoplagen a Mënscherechter, ze produzéieren an déi fäerdeg Produiten hei op de Maart ze bréngen an hir Gewënner op ons Banken ze transferéieren.

D'Zäitschrëft forum huet viru 14 Deeg en Heft erausbruecht mat engem Dossier iwwer déi aktuell Kooperatiounspolitik, hire begrenzten Erfolleg an déi néideg Upassungen, fir an den aarme Länner Projeten ze entwéckelen, déi den Awunner selwer zegutt kommen a net de Machthaber oder de multinationalen Entreprisen.

D'Länner esou stäerken, datt se sech selwer hëllefe kënnen

Ech froe mech, ob et net besser wier deene Länner ze roden, ganz aus dem Weltmaart eraus ze klammen, fir sech op d'Produktioun vu Liewensmëttelen an anere Wueren ze konzentréieren, déi déi eege Bevëlkerung brauch, quitt datt se dofir regional Wirtschaftsraim organiséieren, nom Virbild vum urspréngleche Marché commun an Europa. Kooperatiounspolitik misst a mengen Aen drop ausgeriicht sinn, déi Mënschen a Länner ze stäerken, fir fir sech selwer ze suergen: Empowerment zur Selbsthilfe géife se beim däitschen Noper soen.

An deem Fall géif de stännege Wirtschaftswuesstem, dee bei ons als normal ugesi gëtt, automatesch gebremst ginn. Dat kéim net nëmmen der Ëmwelt an dem Klima zegutt. Mir misste léiere, nees mat manner Ressourcen ëmzegoen, well verschidde Rostoffer fänke souwisou un op der Äerd rar ze ginn.

Wann d'ganz Welt géif esou liewe wéi d'Lëtzebuerger, d.h. wann di iwwer 7 Milliarde Mënschen op de Kapp grad esou vill natierlech Gidder géife verbrauche wéi di 600.000 Lëtzebuerger, da bräichte mer eelef Äerdkugele fir se ze produzéieren oder mer missten all Mëtt Februar de Fanger an de Mond stiechen, well mer da schonn alles opgebraucht hunn, wat am Joer 2022 produzéiert ka ginn.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.