Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - Three Sisters

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi eng Zukunft fir den Online-Handel?

Logistik

Wéi eng Zukunft fir den Online-Handel?

Den Onlinehandel an d'E-Logistik boomen. D'Konferenz "Deliver One" um Kierchbierg huet de 7./8. September en eenzegaartegen Abléck an den europäeschen E-Logistik Marché ginn. Transport, Packaging an Tracking stoungen am Mëttelpunkt. Wéi positionéiert Lëtzebuerg sech an deem Beräich?

auto_stories

4 min

Op der Konferenz: De Xavier Bettel mam Organisateur Stéphane Tomczak an Irmfried Schwimann (EU-Kommissioun).

D'Zil vun "Deliver One" wier et, d’Vertrieder aus dem Online-Handel an der Logistik zesummenzebréngen, esou den Organisateur Stéphane Tomczak. Haaptgrond fir op Lëtzebuerg ze komme wier déi gënschteg geographesch Lag. "Lëtzebuerg läit am Häerz vun Europa, an d'Stad Lëtzebuerg ass mat den EU-Institutiounen - nieft Bréissel a Stroossbuerg - eng europäesch Stad."

Och den E-Commerce wier zu Lëtzebuerg wäit entwéckelt, esou de Stéphane Tomczak. "Vill grouss Entreprisen hunn hei hire Sëtz. Lëtzebuerg spillt an der Logistik eng staark Roll."

Diversitéit vun der Logistik

Lëtzebuerg wéilt sech am Online-Handel awer nach méi staark positionéieren, sot de Vizepremier Etienne Schneider bei der Erëffnung vun der Konferenz. D’Weltbank hätt Lëtzebuerg op déi weltwäit zweete Plaz am Beräich Logistik agestuuft. Lëtzebuerg wier fir vill Entreprisen äus Drëttstaaten den europäeschen "Hub" fir Liwwerungen. "Si liwweren hir Wueren op Lëtzebuerg a vun do aus ginn déi weider verdeelt." De Succès vu Lëtzebuerg läit, dem Wirtschaftsminister no, awer net nëmmen un der geographescher Lag, mee och un der Diversitéit: "Mir hunn all Forme vu Logistik zu Lëtzebuerg."

Konkret Zuelen iwwert den Impakt vun der E-Logistik op de Lëtzebuerger Marché géifen nach net virleien, erkläert de Claude Bizjark vun der Lëtzebuerger Federatioun fir den E-Commerce (eCom.lu). Et misst een och tëscht zwou Saachen ënnerscheeden: Logistik, dat wier d'Verdeelung vu Wueren tëschent de Firmen. "Zum Beispill wann d'Wuere vum Hiersteller bei den Händler geliwwert ginn." D'Ausliwwerung vum Händler bei de Client, dat wier een aneren Deel vun der Logistik.

Lëtzebuerger Entreprisen

Op der "Deliver One"-Konferenz waren och national Firmen derbäi, ënnersträicht de Malik Zeniti vum Daachverband fir Logistik-Entreprisen, "Cluster for Logistics". Esou zum Beispill "CFL multimodal", déi am Beräich E-Commerce aktiv wieren an och am Beräich "urban logistics" wéilte Fouss faassen. Donieft waren zwou Lëtzebuerger Start-Up Firmen op der Konferenz vertrueden.

Och d’Lëtzebuerger Post ass am Beräich E-Commerce aktiv. D'lescht Woch gouf e Partenariat mat der Post zu Singapur ënnerschriwwe fir d’E-Commerce Liwwerungen tëschent Asien an Europa an Zukunft méi séier ze maachen.

De Post-Grupp wéilt sech an Zukunft nach weider entwéckelen, esou d’Danielle Keup vun der Post. "Natierlech geet de Lëtzebuerger éischter an Europa oder esouguer an Amerika oder a China bestellen, wéi zu Lëtzebuerg." Dofir wier et fir d'Post wichteg, auslännesch Clienten unzelackelen, fir datt si hire Stockage maache fir vu Lëtzebuerg aus ze verschécken.

Net ouni Problemer

Op europäeschem Niveau géingen et allerdéngs nach vill Barrièrë ginn, do waren sech alleguerten d’Acteuren eens. Dem Claude Bizjak vun "eCOM.lu" no wier dat zum Beispill d'Gréisst vum Land. Lëtzebuerg wier kleng an dat wier mat Käschte verbonnen: "Soubal een iwwert d'Grenz geet, gëtt et deier. Och fir zu Lëtzebuerg ze liwwere sinn d'Käschten héich."

E weidere Problem wier de Konsumenteschutz, erkläert den Etienne Schneider. Dacks wéilten d'Clienten eppes bestellen a kréichen de Message, datt net op Lëtzebuerg geliwwert gëtt. "Firwat? Well beim Konsumenteschutz d'Gesetzgebung vun deem Land gëllt, an dat geliwwert gëtt."

Fir kleng Länner wier et ville Verkeefer ze opwänneg, fir sech mat der Legislatioun vum Land auserneen ze setzen. "Do si mir hannendrun, fir dat ze vereinfachen".

En europäesche Marché?

Lëtzebuerg ënnerstëtzt, dem Etienne Schneider no, d'Iddi vum gemeinsamen EU-Bannemaart. Et wier awer nach e wäite Wee. Fir d'EU Kommissioun hätt dës Iddi awer Prioritéit, esou den Organisateur vun der Konferenz, Stéphane Tomczak. Een europäesche Marché op d'Been ze stelle wier allerdéngs net einfach.

Et géingen awer Fortschrëtter ginn. Projete wéi de "Click and Collect" oder d'Méiglechkeet, fir online ze bestellen an d'Saachen an e Geschäft sichen ze goen, géifen an déi richteg Richtung goen. "Et ass awer komplizéiert, fir d'Offeren ze diversifizéieren an d'Käschte fir d'Liwwerung niddereg ze halen." Wéinst deene ville Barrièrë misst een am Secteur kreativ ginn. Deemno gouf et op der "Deliver One" Konferenz och een Eck fir Start ups.