Wéi eng Zukunft fir d'"Vorratsdatespäicheren"?

Dat systematescht Späichere vu Kommunikatiounsdonnéeën ouni Verdacht ass no engem rezenten Uerteel vum Europäesche Geriichtshaff wahrscheinlech net méi méiglech. Zu där Conclusioun kommen zwee Juristen an enger Etude, déi di europäesch Gréng an Optrag ginn hunn.

Och wann déi europäesch Riichter dat net sou kloer soen, géif sech aus der Analys vum Uerteel erginn, datt juristesch kaum nach Spillraum bleift fir déi sougenannt “Vorratsdatespäicherung”, sou de Mark Cole an eisem Mëttespanorama. De Professer vun der Uni Lëtzebuerg ass Co-Auteur vun der Etude, déi rezent publizéiert gouf.

Och op aner europäesch Mesuren an Traitéen, wéi zum Beispill Eurodad an den Austausch vu Fluchpassagéier-Donnéeë mat den USA, kéint d’Uerteel der Etude no een Impakt hunn.

De ganzen Interview vum Pia Oppel mam Mark Cole:

 

Nom Uerteel vum 8. Abrëll sot de Justizminister Felix Braz, datt hien bis op Weiders un der nationaler Gesetzgebung iwwert d’Späichere vu Kommunikatiounsdonnéeë wéilt festhalen. Iwwert eng Reform vum Text gëtt den Ament beroden.

D’Regierung hätt nach keng definitiv Decisioun geholl, wëll dat awer spéitstens am Hierscht maachen, präziséiert de Felix Braz haut op Nofro hinn. Seng Aussoen deiten awer drop hinn, datt geplangt ass um Wee vun enger Reform ze bleiwen. Dem Felix Braz no ass et schwiereg d'Instrument op nationalem Niveau ofzeschafen, och wann verschidde Länner op dee Wee gaange sinn. Dës prinzipiell Fro misst a sengen Aen éischter um europäeschen Niveau gekläert ginn. An deem Kontext mécht de Justizminister drop opmierksam, datt et an der EU den Ament ënnerschiddlech Interpretatioune ginn, dovunner ob de Prinzip vum Vorratsdatespäichere selwer duerch den Arrêt gekippt ginn ass oder net.

De Justizminister Felix Braz am Gespréich mam Rick Mertens:

 

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen