Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi eng Zukunft fir RTL Télé Lëtzebuerg?

Medien

Wéi eng Zukunft fir RTL Télé Lëtzebuerg?

An Zukunft soll de Staat den Defizit vun RTL Télé Lëtzebuerg integral iwwerhuelen. Dobäi handelt et sech ëm eng onkloer Zomm a Milliounenhéicht pro Joer. De Konzessiounsvertrag vum Staat mat RTL soll an Zukunft och verkierzt ginn.

auto_stories

4 min

Den Ament verhandelt d'Regierung deen neie Konzessiounsvertrag mat RTL fir no 2020. Dee Vertrag soll an Zukunft nëmmen nach dräi Joer laang gëllen, an net méi wéi bis ewell 10 Joer. D'Medielandschaft géif sech séier veränneren, sou de Medieminister Xavier Bettel no der Entrevue mat der Medie-Chamberkommissioun um Méindeg.

D'Relatioun tëschent dem Staat an dem Grupp RTL misst wéi bis elo weider funktionéieren. D'Participatioun vum Staat, déi een "Echange de Service" gewiescht wier, misst awer villäicht an Zukunft "en Numéraire" sinn.

De Wäert vun de Frequenzen

Bis ewell krut RTL vum Staat gratis terrestresch Televisiouns-Frequenzen zur Verfügung gestallt. Als Géigepartie huet de Grupp een ëffentlech-rechtlechen Optrag erfëllt. RTL argumentéiert, déi Frequenze géifen u Wäert verléieren. Dowéinst géif den Ament iwwer eng direkt finanziell Ënnerstëtzung fir RTL nogeduecht ginn, sou de Xavier Bettel.

"Dowéinst muss ee kucken, datt de Programm och nach ka gemaach ginn, ouni en Defizit ze provozéieren, dee vum Sender och net kéint garantéiert ginn." De Staat géif eng Garantie ginn, fir datt de Programm kéint produzéiert ginn.

Zum Montant deen de Staat soll un RTL bezuelen, wollt de Premier op Nofro hi selwer näischt soen. De Montant géif ënnert deem leien, fir deen een e Gesetz géif brauchen. Der CSV-Deputéiert Diane Adehm no géif et sech ëm eng Zomm handelen, déi zwëschent 11 an 21 Milliounen Euro pro Joer kéint variéieren.

Den Defizit vun RTL Télé

"Hien huet eis gesot, datt déi Televisioun soll eng 20 bis 30 Millioune kaschten." D'Recettë vu Publicitéite géife bei 8 bis 9 Millioune leien. Dat géif mam Käschtepunkt vun de Frequenze verrechent ginn. Den Defizit, deen nach géif iwwreg bléiwen, géif da vum Lëtzebuerger Staat gedeckt ginn, sou d'Diane Adehm.

De Jean-Paul Zens, Direkter vum Service des Médias sot an der Emissioun "Aktuell" op Chamber TV, datt et sech ëm ee Lach tëschent 8 an 12 Milliounen Euro pro Joer géif handelen. Eng Manéier fir dat opzefänken, wier méi Publicitéit, sou de Jean-Paul Zens. Awer och do géifen et Limitte ginn.

Den ADR Deputéierte Roy Reding steet der Iddi vun der Regierung skeptesch géigeniwwer. "Well ech net agesinn, firwat de Staat enger privat Firma hiren Defizit soll iwwerhuelen."

Garantie vum ëffentlech-rechtlechen Optrag?

D'Onofhängegkeet vum Sender géif weider garantéiert bleiwen, esou de Xavier Bettel. De Medieminister Xavier Bettel huet betount, datt dës Ënnerstëtzung just fir RTL Télé wier an net fir déi aner Redaktioune vun RTL. "Fir eis ass et wichteg, datt do, wou de Staat hëlleft fir d'Tëlee, déi Suen net gebraucht ginn, fir herno den Internet oder de Radio ze finanzéieren."

Wéi gëtt kontrolléiert, ob d'Suen, déi fir RTL Télé bestëmmt sinn, net an aner Beräicher fléissen? Dat wier am Konzessiounsvertrag virgesinn, sou de Jean-Paul Zens. "Et däerfe verschidde Liene bestoen, awer déi musse propper sinn." Et géif sechs europäesch Regele ginn, déi sollen Abusen evitéieren. "Déi baue mir am Konzessiounsvertrag an, fir sécher ze stellen, datt dat och gemaach gëtt." An et sollt all Joer een Audit gemaach ginn, fir dat z'iwwerpréiwen, sou de Jean-Paul Zens.

radio 100,7 "net fair a pluralistesch"

Och d'Iddi vun engem ëffentlech rechtlechen Tëlee-Sender wier an der Chamberkommissioun opkomm, esou de Xavier Bettel. Dozou soll et awer net kommen. Eng ganz Chaîne géif méi wéi dat Duebelt kaschten, wéi dat aktuell de Fall ass.

Eppes, wat den ADR Deputéierte begréisst. De Roy Reding bezweiwelt, datt ëffentlech rechtlech Sendere politesch neutral wieren. "Wa mir 100,7 huelen, fannen ech zum Beispill net, datt dat ee staatleche Betrib ass, dee ganz fair oder ganz pluralistesch bericht." Mat engem 100,7-TV hätt een nach méi gläichgeschaltene Journalismus. Argumentéiert huet den ADR Deputéierten dat awer net.

Kontrollgremium fir RTL Télé

Den David Wagner vun déi Lénk op där anerer Säit, ass net géint eng ëffentlech-rechtlech Televisiouns-Chaîne fir de Medie-Pluralismus ze fërderen. Hie géif et interesséieren, wat sou ee Sender géif kaschten. Am Moment géif een och ee private Fernseh bezuelen, fir eng Missioun vu Service public ze maachen. "A mengen Ae gëtt alles méi komplizéiert gemaach." Et wier net kloer, ob RTL sengem ëffentlech-rechtlechen Optrag géif nokommen a wien dat géif kontrolléieren.

Wéi eng Critèren RTL Télé an Zukunft muss erfëllen, ass nach net gewosst. Allerdéngs soll e Kontrollgremium geschaaf ginn, deen eng Qualitéit soll garantéieren, sou de Jean-Paul Zens.

De Xavier Bettel geet dovun aus, datt d’Verhandlungen tëschent RTL Group, CLT-UFA a Bertelsmann bis spéitstens Enn Abrëll sollen ofgeschloss sinn.