Radioen

On air

Tockcity  |  Amen Dunes - Boys

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi gesäit d'Zukunft vun der Elektromobilitéit zu Hesper aus?

Mobilitéit

Wéi gesäit d'Zukunft vun der Elektromobilitéit zu Hesper aus?

Zu Hesper gëtt et zënter 2015 eng Offer fir Elektromobilitéit. D'Zuele vun den Notzer klammen. De Service ass awer nach laang net käschtendeckend. Kritiker geheien dem Hesper Buergermeeschter vir, datt de Projet net duerchduecht wier. Hesper wier ze kléng fir esou e Projet eleng ze geréieren. Dofir misst virun allem mat der Stad Lëtzebuerg kooperéiert ginn.

auto_stories

4 min

Eng punktuell Kooperatioun mat der Stad Lëtzebuerg gëtt et schonn. Zu Hesper ginn et véier Statioune mam Stater Locatiounssystem vel'oH. Zousätzlech huet d'Gemeng Hesper decidéiert, 20 Elektrovëloen zur Verfügung ze stellen, esou den Hesper Buergermeeschter Marc Lies. Wéinst der Topographie - Hesper läit méi niddereg wéi d'Stad - géing et awer Sënn maachen, deelweis op d'Vëloe mat elektreschem Motor ze setzen.

"Dofir war d'Iddi, fir hei ënnen dann och sougenannten 'E-Bikes' en Place ze setzen, déi dann och bis op den Houwald an an d'Zone d'activité kënne fueren. Et soll eng Interaktioun tëscht dem Duerfkär hei vun der Gemeng an der Zone d'activité um Houwald entstoen."

De System bréngt nach net vill Recetten

2014 wier och eng Etude gemaach ginn, fir déi ideal Emplacementer fir d'Vëlosstatiounen ze definéieren. An enger éischter Phas wier op deene wichtegste Plazen esou Statiounen opgeriicht ginn. "Wéi zum Beispill op der Place Paul Jomé, dat ass hei am Duerfkär. Et gesäit een och an de Statistiken, datt zemools déi Statioun extrem genotzt gëtt," seet de Buergermeeschter vun Hesper. "Souwuel wat d'E-Bikes, wéi och wat d'Locatioun vun den Autoen ugeet. Déi Plaz ass déi zentral Achs vun der Gemeng."

Déi véier Bornen an d'Vëloe fir de vel'oH-Locatiounssystem hunn d'Hesper Gemeng ronn 200.000 Euro kascht, esou de Marc Lies. Dobäi kéimen nach d'Fonctionnementskäschten an d'Käschte fir eng Telefons-Helpline. D'Recettë géinge sech op ronn 12.000 Euro belafen. Fir de Carsharing-Service mat aacht Autoe schafft d'Gemeng Hesper mat BMW a mat der Enovos-Duechter City-Mov' zesummen. Käschtepunkt: Ronn 60.000 Euro.

Vill Recettë bréngt de System bis ewell net mat sech. Zousätzlech huet d'Gemeng de Problem, datt een Notzer seng Rechnunge vu mëttlerweil iwwer 10.000 Euro nach net bezuelt huet.

Notzerzuele sinn an d'Luucht gaangen

Dem Marc Lies no wier vun Ufank u kloer gewiescht, datt de System kuerz- a mëttelfristeg net käschtendeckend kéint sinn. D'Notzerzuele si fir eng Gemeng mat 15.000 Awunner nach bescheiden. 287 Leit hunn de Vëlo- a Carsharing-Service bis ewell genotzt. D'Zuel vun den Trajeten ass dëst Joer awer am Verglach zu leschtem Joer scho geklommen. De grénge Gemengeconseiller Roland Tex ass der Meenung, datt dëse Mobilitéitsprojet vun Ufank u schlecht geplangt gi wier.

"Grondsätzlech begréisse mir natierlech d'Förderung vun der alternativer Mobilitéit. Mä deen hei Projet ass fir eis e relativ isoléierte Prestigeprojet gewiescht. Et muss e Konzept dohannert sinn an deen hu mir hei vermësst. Esou e Projet ka just funktionéieren, wann e mat anere Gemenge groussflächech zesumme geplangt gëtt."

Och den CSV-Buergermeeschter Marc Lies gëtt zou, datt fir esou Projeten eng Zesummenaarbecht mat anere Gemenge méi sënnvoll wier. Hie plädéiert fir d'Zukunft e gemeinsamen, kohärente Vëlolocatiounssystem an eng Offer fir d'Elektromobilitéit vun de sougenannten "DICI"-Gemengen. Dozou gehéiere Bartreng, Hesper, Leideleng, Stroossen an d'Stad Lëtzebuerg. Entspriechend Beméiunge wiere schonn am Gaangen.

Carsharing-Systemer openeen ofstëmmen

Nodréiglech wier et schwéier, ënnerschiddlech Carsharing-Systemer openeen ofzestëmmen, seet d'Stater Transport-Schäffin Sam Tanson. Prinzipiell wier d'Stad Lëtzebuerg awer oppen, fir den eegene Carsharing-Service "CarLoh" och an anere Gemengen unzebidden.

"Mir hunn elo d'Logistik an déi ganz Informatik opgebaut. Mir kéinten anere Gemengen dee Service och ubidden."

Allgemeng wier et op engem klengen Territoire gutt, wann net ze vill verschidde Mobilitéitsoffere géinge bestoen, fënnt d'Sam Tanson. Dës missten och beschtméiglech openeen ofgestëmmt sinn.

"Ier Hesper hire Carsharing lancéiert huet, hate mir hinne gesot, datt mir un engem ähnleche Projet schaffen. Mä si wollten dat dee Moment awer virzéien an net waarden, bis mir fäerdeg wieren. "

Ausschreiwunge fir en neie Locatiounssystem

D'Zesummenaarbecht mat der Stad Lëtzebuerg begréisst de Roland Tex. D'Kompatibilitéit tëscht de Vëloen vun der Stad Lëtzebuerg an der Gemeng Hesper misst awer garantéiert sinn.

"Et muss ee kënnen an deene verschiddene Gemengen de Vëlo huelen an an d'Stad fuere kënnen, wou ech en dann och ofstelle kann. Dat selwecht och ëmgedréint. Dat klappt just mat eenheetleche Systemer. Ech menge schonn, datt déi politesch Verantwortlech op deenen eenzele Plazen dat elo agesinn hunn an och an déi Richtung wäerte goen."

Momentan leeft eng Ausschreiwung fir en neie Vëlolocatiounssystem fir d'Stad Lëtzebuerg. En Deel vun der neier Flott sollen Elektrovëloe sinn. D'Sam Tanson hält eng Kompatibilitéit vun de Vëlosservicer prinzipiell fir méiglech.

"Mir hu gefrot, fir op d'mannst 30 Prozent elektresch Vëloen ze kréien. Do bidde sech elo nei Méiglechkeeten. Do kann ee sech och virstellen, datt eng Statioun an enger Randgemeng e bësse méi wäit vun der nächster Statioun ass."

Den Hesper Buergermeeschter Marc Lies géing sech fir d'Zukunft och méi Ënnerstëtzung vum Infrastruktur- a Nohaltegkeetsministère wënschen. Subsiden eleng géifen net duer goen, äntwert dorobber de gréngen Oppositiounsconseiller Roland Tex. Virop misst an de Gemenge politesch ëmgeduecht ginn, fir datt zukunftssécher Mobilitéitsservicer kënnen entstoen.