Lëtzebuerg ass a Saache Brexit esou gutt opgestallt, wéi et méiglech ass sech opzestellen, seet de Claude Marx. De Generaldirekter vun der CSSF erënnert un d'Virbereedungsaarbechte vun der Regierung, den Opsiichtsautoritéiten a vun den Entreprisë selwer. Et kéint awer kee genee virausgesinn, wat alles passéiere kéint am Fall vun engem haarde Brexit, well et sou een Zeenario nach ni gi wier, esou de Claude Marx.
Relatiounen tëschent Lëtzebuerg a London
De Generaldirekter vun der Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur war op en neits an der Finanz- a Budgetskommissioun vun der Chamber. Et ass him wichteg ze ënnersträichen, wéi déif déi Relatiounen tëschent Lëtzebuerg a London sinn, "am konkrete Liewen an deenen eenzele Beruffer, déi mir iwwerwaachen". Et wier wichteg, déi noutwendeg Instrumenter ze hunn, fir kënne sécher ze stellen, datt et duerch en haarde Brexit net zu engem Chaos am Marché géif kommen.
De Claude Marx erënnert och drun, datt et am Fall vun engem Brexit ouni Accord keng Transitiounsperiode wäert ginn. Bei engem Ofkommes géif et esou eng Phas vun 21 Méint awer ginn.
Fongenindustrie ass gutt opgestallt
D'Haaptvirbereedungsaarbecht vun der CSSF wier déi gewiescht fir ze kucken, wéi eng Zorte vun Arrangementer et tëschent Lëtzebuerg a London ginn, erkläert de Generaldirekter Claude Marx. Am Beräich vun den Investmentfonge wier et esou, datt vill Fongemanager hei am Land op britesch Prestatairen zréckgräifen. Hei géif et een Accord tëschent de 27 EU-Memberlänner a Groussbritannie ginn, deen et erlaabt, datt lëtzebuergesch Firme weiderhin op englesch Servicer zeréckgräife kënnen. "Vun deem hier si mir an der Fongenindustrie elo gutt opgestallt", esou de Claude Marx.
Bei der CSSF géif et kee spezifescht "Brexit-Team" ginn, fir d'Viraarbechte fir de geplangten EU-Austrëtt vu Groussbritannien, esou de Claude Marx, deen zanter gutt dräi Joer CSSF-Generaldirekter ass. All d'Servicer wiere beusprocht, "well mir hei vill Lienen hunn an all deene Metieren, déi mir iwwerwaachen. Mir iwwerwaache jo net nëmme Banken, mir iwwerwaache Fongen, mee och Etablissements de paiements, Monnaie électronique." An all deene Beräicher géif et Kontakt mat London ginn, an déi wäert et och nom Brexit ginn, esou de Claude Marx.
D'CSSF iwwerwaacht déi Professionell an d'Produkter vum Lëtzebuerger Finanzsecteur mat Ausnahm vun den Assurancen. D'Iwwerwaachungs-Kommissioun ënnersteet dem Finanzminister. D'CSSF ass een Etablissement Public an huet - eegener Ausso no - eng "gewëssen Autonomie".