Radioen

On air

De Moien  |  Gengahr - Heavenly Maybe

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi positionéiert d'EU sech zur NATO?

Entwécklung EU-Verdeedegungspolitik

Wéi positionéiert d'EU sech zur NATO?

Ënnerschiddlech Schock-Erfarungen an de leschte Joren hunn dofir gesuergt, datt d'Europäesch Unioun méi eegen Efforten a Saache Sécherheet a Verdeedegung mécht: dës Analys mécht den Dr. Henning Riecke vum Netzwierk Deutsche Gesellschaft für Auswärtige Politik.

auto_stories

3 min

Mat dëse Schock-Erfarunge mengt de Politikwëssenschaftler méi grouss Menacen aus Russland, de geplangte Brexit an dee méi groussen Drock vun den USA op déi europäesch Sécherheet. Iwwer d'Entwécklungen an der EU-Sécherheets- a Verdeedegungspolitik an iwwer d'Relatiounen zur NATO huet de Serge Kesseler mam däitschen Expert geschwat.

Dat wat d'EU de Moment a Saache Verdeedegungspolitik mécht, a wat si sech virhëlt, wier net de Kärberäich vun der NATO, stellt den Dr. Henning Riecke fest.

D'NATO wier zoustänneg fir Verdeedegung no baussen an och fir nuklear Ofschreckung no baussen. Dës Bestanddeeler wieren an der Sécherheets- a Verdeedegungspolitik vun der EU nach net ze fannen.

Benefice fir d'NATO

D'Zesummenaarbecht an der Europäescher Unioun an dësem Beräich soll keng Konkurrenz zur NATO ginn, gouf an de leschte Joren och reegelméisseg vu Politiker betount. Dem Politikwëssenschaftler no kéinten déi europäesch militäresch Capacitéiten am Kader vun der neier EU-Verdeedegungsunioun op laang Siicht der NATO zu gutt kommen.

Een Deel vum Impuls fir eng europäesch Onofhängegkeet wier awer natierlech och den Ierger iwwer d'Bündnispolitik vun den Amerikaner, den Drock, deen den Donald Trump ausüübt an déi Onsécherheet, déi hie geschafen huet. Dem Expert no géif et awer wahrscheinlech nach immens laang daueren, bis d'EU der NATO am Beräich vun der Ofschreckung gläich kéim. Et géif awer net drëm goen, fir d'NATO ofzeléisen.

EU-Memberstaate sich sech oneens

D'Amerikaner wäerten net op Dauer fir d'Sécherheet vun den Europäer suergen, hat de Jean-Claude Juncker virausgesot. Et wier dowéinst néideg eng europäesch Arméi ze schafen, esou den EU-Kommissiounspresident am Hierscht 2016.

De Wee géif an dës Richtung goen, mengt och den Dr. Henning Riecke vun der Deutschen Gesellschaft für Auswärtige Politik vu Berlin. Déi national Arméien ersetzen, wäert esou eng europäesch Arméi awer net. Dat géif dovun ofhänken, datt et een europäesche Staat, en europäesche Verdeedegungsminister an e Verdeedegungsausschuss am Europäesche Parlament misst ginn, dee Missioune mandatéiere kéint. All déi Saache géif et momentan awer nach net ginn an d'europäesch Staate wiere sech net eens, datt dat d'Zil wäert sinn.

Och kleng NATO- an EU-Memberstaate wéi Lëtzebuerg, solle sech dem Expert no um gemeinsamen Zil bedeelege fir bei hire Rëschtungs-Depensen e gewëssen Niveau ze erreechen an esou hire Bäitrag ze leeschten. Donieft géifen awer och déi politesch an déi diplomatesch Säit eng Roll spillen. Kleng Staate missten natierlech d'Méiglechkeet hu fir méi Afloss ze huelen, wéi d'Gréisst vum Land et erwaarde léisst. Et gëtt natierlech och Nischefäegkeeten an déi méi kleng Staaten investéiere kéinten.

Gemeinsam strategesch Kultur

Duerch déi gemeinsam strukturéiert Zesummenaarbecht am Verdeedegungsberäich an der EU, kréichen d'Staate méi Méiglechkeete fir zum Beispill gemeinsam Rëschtungsprojeten unzestoussen. Dat wier dem Dr. Henning Riecke no eng interessant Entwécklung.

Et wier elo wichteg, fir eng gemeinsam strategesch Kultur ze entwéckelen, mat där se géif weisen, datt se sech amësche kann. "Eine Kultur der Einmischung, die ja schon seit 2003 in der europäischen Sicherheitsstrategie versprochen wird, um in ihrer Nachbarschaft tatsächlich Krisen zu bewältigen, Krisen zu verhindern, humanitären Hilfe zu leisten, ganz einfach für mehr Stabilität zu sorgen. Wenn das Aufgabe der EU wird, auch mit mehr Durchschlagskraft, da wäre viel gewonnen."

Déi gemeinsam Sécherheets- a Verdeedegungspolitik ass een Deel vun der gemeinsamer Aussen- a Sécherheetspolitik.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.