Ënnerschiddlech Meenungen haten d'Kandidaten zum Beispill doriwwer, wéi streng d'Klimareegele fir europäesch Entreprisë solle sinn. D'ADR-Kandidatin huet gewarnt, europäesch Entreprisen dierften net benodeelegt ginn. "Mir mussen oppassen, datt mir hei net esou vill Norme maachen, datt eis Entreprisen zwar propper produzéieren, mee datt se dann an enger Concurrence déloyale stinn, par Rapport zu Drëttstaaten", esou d'Nicky Stoffel. De Meris Sehovic vun déi gréng huet dogéint ënnerstrach, d'EU misst e Virreider an der Klimapolitik sinn a "global Standarde setzen". Wann dat geléngt, da géifen och "d'Chinesen nozéien".
D'Kandidaten haten och ënnerschiddlech Positiounen doriwwer, wéi d'EU-Institutioune méi demokratesch kennen opgestallt ginn. De Starsky Flor vun der Piratepartei huet zum Beispill gefuerdert, datt méi Referende fir d'EU-Bierger organiséiert ginn. De Christophe Hansen vun der CSV huet op deem Punkt widdersprach. Referende wiere bei komplizéierte Froen, eng "extrem geféierlech Saach", dat hätt zum Beispill de Brexit gewisen.
Déi ganz 100,7-Table ronde mat Kandidate vun all den zéng Parteie kënnt Dir hei lauschteren. Invitée waren:
- Christophe Hansen (CSV)
- Monica Semedo (DP)
- Lisa Kersch (LSAP)
- Meris Sehovic (déi gréng)
- Nicky Stoffel (ADR)
- David Wagner (déi Lénk)
- Starsky Flor (Piraten)
- Marceline Waringo (KPL)
- Sandra Schwachtgen (déi Konservativ)
- Christopher Lilyblad (VOLT).