Radioen

On air

De Moien  |  T. Rex - 20th Century Boy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi verbonne spiere sech Frontaliere mat Lëtzebuerg?

Mäin Europa

Wéi verbonne spiere sech Frontaliere mat Lëtzebuerg?

Méi wéi 200.000 däitsch, belsch a franséisch Frontaliere fueren all Dag iwwer d'Grenz fir zu Lëtzebuerg ze schaffen. Eng Zuel déi zanter Joren konstant an d'Luucht geet. Wat zitt Frontalieren un? A wéi erliewe si Lëtzebuerg? An enger rezenter Etüd ass TNS Ilres, am Optrag vun der Auslännerorganisatioun ASTI, dëse Froe nogaangen. Huet sech duerch d'sanitär Kris eppes an der Perceptioun vun de Frontaliere geännert? A wéi wuel spiere si sech wierklech hei am Land?

auto_stories

4 min

Ronn 46 Prozent vun den Aarbechtskräften hei am Land si Frontalieren. Domat si si net nëmmen e wichtege Bestanddeel vum Lëtzebuerger Aarbechtsmarché, mee och vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, mengt d'ASTI Presidentin Laura Zuccoli. Genee aus dësem Grond hätte si am Kader vum Sondage "Zesumme liewen" och eng Enquête ronderëm d'Wuelbefanne vu Frontalieren an Optrag ginn. "Mir hunn hei ganz vill Leit, déi zu eisem Räichtum bäidroen, an deems si hei schaffe kommen a Steiere bezuelen. Mir fannen et wichteg ze gesinn, wéi si sech zu Lëtzebuerg fillen an ob si sech verbonne fille mat dësem Land", esou d'Laura Zuccoli.

Ronn 500 däitsch, franséisch a belsch Frontalieren, déi an ënnerschiddleche Secteuren aktiv sinn, hu bei dësem Echantillon matgemaach. Den zoustännegen Direkter Tommy Klein vum Sondage-Institut TNS Ilres betount, datt virun allem d'Fuerschung an dësem Beräich bis elo nach limitéiert war. Eng éischt Conclusioun aus der Enquête wier, datt de Choix vu Frontaliere fir op Lëtzebuerg schaffen ze kommen dacks aarbechtsbezunn ass. Datt d'Majoritéit vun de Frontaliere keng Verbonnenheet mat Lëtzebuerg géif spieren, wier ee Punkt, dee vum Sondage hätt kënne widderluecht ginn.

Perséinlech mat Lëtzebuerg verbonnen

Vill Leit hätte sech ee Frëndeskrees zu Lëtzebuerg opgebaut a géifen och Weekends op Lëtzebuerg komme fir hir Fräizäit hei ze verbréngen.

Vill Frontaliere géifen et als eng Chance gesinn zu Lëtzebuerg kënnen ze schaffen. Dës Frontalière, déi am Hôpital Robert Schuman schafft, erzielt, datt si sech wuel hei am Land spiert:

"Moi, j'aime bien le Luxembourg. je suis contente de venir ici. Je suis contente des opportunités qui nous sont offertes. Je suis bien installée, de l'autre côté à la frontière, mais c'est comme si j'étais au Luxembourg."

En däitsche Frontalier aus dem Fleegesecteur huet eng änlech Approche:

"Ich habe es schätzen gelernt. Ich würde die Arbeit nicht mehr tauschen wollen, mit der Klinik in Deutschland, sondern mir gefällt es hier und ich fühle mich wohl."

Och d'Sprooch ass e wichtegen Integratiounsfacteur

Den Echantillon hätt gewisen, datt nieft dem Opbau vu soziale Kontakter, d'Sprooch e wichtege Facteur ass fir sech am Land ze integréieren. Déi Frontalieren, déi sech mat der Sprooch méi auserneegesat hunn, wieren och mam Land méi verwuerzelt. Mee dëse Prozess geschitt net vun haut op muer, betount den Tommy Klein.

D'ASTI-Presidentin Laura Zuccoli mengt datt et wichteg wier Frontalieren nach méi an d'Lëtzebuerger Zesummeliewen ze integréieren. Och op politeschem Niveau missten d'Frontaliere méi d'Méiglechkeet kréien hir Bedenken a Virschléi zum Ausdrock ze bréngen. Et misst ee sech d'Fro stëllen, op ee si just als "main d'oeuvre" well gesinn:

"Dat heescht, wëlle mir si just als Aarbechter gesinn, déi hei hinner schaffe kommen, hir Aarbecht maachen an dann owes erëm heem ginn? Oder wëlle mer si wierklech gesinn als Persounen, an dat huet d'Covid-19 Kris jo gewisen, datt mer si brauchen - datt si sech och zu eisem Land zougehéiereg spieren, an dann och déi Sacrificen opbréngen, déi e Land ebe muss hierginn, wann et an enger Krisesituatioun ass."

Eng Persoun léist sech net just op hir Nationalitéit reduzéieren

Fir d'Frontalieren deene mir begéint sinn, hätt sech duerch d'Pandemie wéineg an hirem Bezuch zu Lëtzebuerg geännert. En däitsche Frontalier betount awer, datt d'Grenzen an dëser Zäit méi visibel goufen.

Den Educateur Franck Dietz

Déi meescht Frontaliere géife sech op jiddwefalls mat Lëtzebuerg verbonne spieren a kéinte sech net méi virstellen, net méi zu Lëtzebuerg ze schaffen. Esou och beispillsweis den Educateur Franck Dietz:

"Vraiment, je me sens bien avec les valeurs de ce pays. Même si je suis Français, je me sens luxembourgeois. Mais je pense qu'on donne toujours des stéréotypes au Luxembourgeois, au Francais, ou au Allemands. Mais en faite, je pense, que ce n'est pas une question de nationalité, qui fait la personne."