A Spuenien huet d'Regierung gëschter, also pünktlech fir den EU-Plang, e Pak u Moossnamen decidéiert, an ass mat sengem Spuerplang europawäit Virreider.
Spuenien huet scho konkret Mesuren decidéiert
D'Mesure gesinn ënner anerem vir, datt ëffentlech Gebaier net méi ënner 27 Grad däerfe gekillt ginn am Summer. Am Wanter däerfen se net op méi wéi 19 Grad gehëtzt ginn - dat gëllt och fir Hoteller, Kinoen, Grande Surfacen an Aarbechtsplaze generell.
Och wat d'Beliichtung ugeet, ginn et a Spuenie kloer Reegelen: Ab 22h00 Auer nuets mussen d'Luuchten aus sinn - a Büroen, a Vitrinne vu Geschäfter a vun Denkmaler.
Déi Reegele musse bannent enger Woch ëmgesat ginn a gëlle bis de November 2023. Et wier un der Zäit, solidaresch ze sinn, sot déi zoustänneg Ministerin fir ekologesch Wandel, Teresa Ribera.
Lëtzebuerg schafft u Circulairen a Webinar
Och d'Regierung zu Lëtzebuerg lancéiert eng national Strategie fir den Energie-Verbrauch ze reduzéieren, mee wéineg Konkretes stoung an dem Communiqué, deen den Energieminister Claude Turmes gëschter un d'Noriichteredaktioune vum Land verschéckt huet.
Fir Energie an den ëffentleche Gebaier ze spueren, wier een am Gaangen, Uweisungen ze entwéckelen, déi dann an engem Circulaire solle verschéckt ginn. Fir d'Gemenge gëllt dat selwecht, och hei gëtt e Circulaire mat Spuermoossname verschéckt.
Iwwerdeem soll et e Webinar ginn, fir iwwer déi national Campagne an d'Mesuren ze informéieren - dat awer eréischt den 8. September, also méi wéi ee Mount, nodeem déi europäesch Länner sollten ufänken ze spueren. D'Oppositioun hat rezent scho kritiséiert, datt deen Zäitpunkt ze spéit wier.
Italien ass och scho méi wäit
Déi meescht EU-Länner hunn hir Spuerpläng nach net verëffentlecht oder als Gesetz gestëmmt.
Anerersäits huet Italien schonn am Mee Reegele fir d'Klimaanlagen agefouert an e Gasspuerplang an d'Weeër geleet, fir vu russeschem Gas bis 2024 onofhängeg ze ginn. Dowéinst mussen d'Italiener hiren Energieverbrauch och nach just ëm 7 Prozent reduzéieren, fir dem EU-Plang gerecht ze ginn.