Weider Archivdokumenter dauchen op

D’Nationalarchiven hunn dem Staatsministère matgedeelt, dass eng Lëscht aus dem Zweete Weltkrich mat Informatiounen iwwer Bankkonte vu Judden nees fonnt gouf. Dat kuerz no der Meldung hei um radio 100,7, dass de BIL-Dossier net rëm ze fanne wier.

D’Nationalarchiven hunn de Staatsministère an engems drop higewisen, dass deen Dossier an engem Fong läit, mat 350 lafende Meter Archivmaterial. Material dat wéi et schéngt gréisstendeels aus dem Finanzministère staamt. Mee bis haut gëtt et kee kompletten Inventaire vun deem Fong. Dass nach relevant Informatioune fir d’Geschicht vum Zweete Weltkrich kéinten dran ze fanne sinn, weist awer eng Ausso Paul Dostert: Bei enger Visite gëschter am Depot vun de Nationalarchive wier him ee bis elo net bekannten Dossier vun der Spuerkeess opgefall, an deem Lëschten iwwer Comptes-dormante kéinten dra sinn, sou den Direkter vum Dokumentatiouns- a Recherchezentrum iwwer d’Resistenz. Deen Dossier géif elo nach am Detail consultéiert ginn, sou de Paul Dostert: ëmmerhin huet de Staatsministère rezent den Optrag ginn, d’Fro vun de sougenannte Comptes-dormanten ze klären.

Et stellt sech awer och d’Fro, ob déi 350 Meter Archivmaterial, déi am Kader vum Artuso-Rapport net consultéiert goufen, een Impakt op d’Resultater vun deem Rapport kéinten hunn. De Staatsminister Xavier Bettel an de Chamberpresident Mars Di Bartolomoeo hunn des Woch iwwer d’Fro diskutéiert, ob een dowéinst mat de politesche Conclusioune vum Rapport nach misst waarden. Et gouf dunn decidéiert, dass dee Rapport och ouni dat zousätzlecht Archivmaterial valabel wier.

De Chamber-President gouf Ufank vun dëser Woch doriwwer informéiert, datt an den Nationalarchive vermëssten Dokumenter iwwer Bankkontoe vu jüdesche Bierger rëmfonnt goufen. D’Material soll elo ganz seriö gepréift ginn, esou de Mars Di Bartolomeo. D’Diskussioun wier mam Artuso-Rapport net ofgeschloss. Dëse Rapport gouf gëschter de Membere vun der Institutiouns-Kommissioun an de Presidente vun der Chamber a vun de Fraktiounen offiziell presentéiert. Am Chamber-Plenum soll Enn Abrëll oder Ufank Mee iwwert den Artuso-Rapport “La question juive au Luxemburg 1933-1941 – L’Etat luxemboureois face aux persécutions antisemites nazies” debattéiert ginn.

Den Interview vum Pia Oppel mam Chamberpresident Mars Di Bartolomeo:


e Premier sot um Briefing nom Regierungsrot, "dat neit Material dat fonnt ginn ass, muss verschafft an opgeschafft ginn. Dat ass op jiddwer Fall de Wonsch vun der Regierung.” Op déi stënterlech Redecouverte vum BIL-Dossier a méiglech Problemer beim Funktionnement vun de Nationalarchiven ugeschwat, sot de Xavier Bettel: “Ech si frou, dass d’Dokumenter fonnt gi sinn. Ech wëll kengem virwerfen, dass Expressegkeete vun engem Beamte komm sinn, fir verschidden Dokumenter net ze publizéieren oder weider ze ginn. Ech sti viru menge Beamten an hannert menge Beamten.”

Weider Aussoen vum Premier:

 

Den Depot mat den Dokumenter, déi vermësst goufen, huet d’lescht Joer misse geplënnert ginn a war dowéinst laang net accessibel, erklärt hirersäits d’Direktesch vun den Nationalarchiven. D’Plënneraktioun war awer schonn Enn zejoert ofgeschloss. Zur Fro, firwat d’Dokumenter grad elo nees opgetaucht sinn, seet d’Josée Kirps dat wier een Zoufall, vu baussen hätt keen Drock op d’Nationalarchive gemaach. Et misst ee wëssen, dass déi vermëssten Dokumenter zu engem Fong gehéieren, fir deen et gréisstendeels nach keen Inventaire gëtt. Zu de Conclusiounen aus dësem Tëschefall war et des Ausso vun der Archiv-Direktesch: “Haut géing ech als Responsabel fir den Nationalarchiv kee méi an déi Depote loossen an op Dokumenter schaffe loossen, déi net inventoriéiert sinn.”  Wann dat zousätzlecht Material fir de geplangte Rapport iwwer d’Comptes-dormante sollt consultéiert ginn, missten d’Nationalarchiven also elo fir d’éischt een Inventaire ze maachen.

Den Interview mat der Josée Kirps:

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Sozialwahlen 2019

    Den 12. Mäerz ware Sozialwahlen. A ronn 3.800 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, goufen d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer goufen nei gewielt.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen