Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Massive Attack - Karmacoma

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Weider Clusteren an Alters- a Fleegeheemer

Pandemie

Weider Clusteren an Alters- a Fleegeheemer

Et gi weider Corona-Clusteren an Alters- a Fleegeheemer zu Réiden a Schëffleng. Dat sot d'Familljeministerin Corinne Cahen de Moie virun der Presse. An de leschten Deeg hat mir scho Clusteren zu Keel, Boufer a Rodange gemellt.

auto_stories

3 min

D'Corinne Cahen huet kuerz viru Mëtteg Detailer zur Situatioun a Fleegestrukture ginn. Foto: Archiv

D'Familljeministerin wéilt eegenen Aussoen no virsiichteg si fir eenzel Clustere matzedeelen, well de medialen Drock d'Institutiounen nach méi géif ënner Drock sëtzen.

Ob et niewent Keel och an aneren encadréierte Logementer weider Clustere géife ginn, wéisst d'Corinne Cahen net. D'Familljeministerin hätt keng Informatiounen iwwer d'Etablissements d'aides et de soins, déi dem nationalen Impfplang no réischt no den Alters- a Fleegeheemer un d'Rei komme mat der Impfung.

Zäitgläich Impfung war net méiglech

Op d'Fro ob d'Infektiounen an de betraffenen Heemer hätte kéinte verhënnert ginn, sot de Santésdirekter, datt et zäitlech guer net méiglech gewiescht wier fir alleguerten d'Haiser gläichzäiteg ze impfen. Dobäi kéim datt déi rezent positiv Fäll an den Institutioune kuerz virun der Impfung detektéiert gi wieren. Well den Impfstoff awer e puer Deeg brauch fir effikass ze wierken, hätten eng Partie Bewunner net kéinte virun der Coronavirus-Infektioun geschützt ginn. Eng Impfung kéint op alle Fall keng Krankheet ausléisen, do war de Jean-Claude Schmit formell.

Eng Partie Leit hätte sech och eng zweete Kéier infizéiert, erkläert de Santésdirekter. Den Immunitéitsschutz géif awer net esou laang unhale wéi bei enger Impfung.

Op eis Fro ob d'Sous-traitanten am Fleegesecteur, do wou déi meeschte Leit stierwen, prioritär solle geimpft ginn, sot de Jean-Claude Schmit, datt et den Ament keng Pläng dofir géife ginn. D'Impfe géif vun der Quantitéit vun de Vaccinen ofhänken.

324 vun 719 Doudege kommen aus Fleegestrukturen

Duerchgeimpft wieren elo d'Hallschent vun den Alters- a Fleegeheemer zu Lëtzebuerg. D'Situatioun hätt sech an den Haiser zum Deel duerch d'Impfung berouegt. D'Mortalitéit wier och net exzeptionell zu anere Situatiounen am Ausland, d'Zuele vun den Doudesfäll wieren net verwonnerlech.

Um Pic vun der zweeter Well am November an Dezember zejoert hätt et vill méi Doudesfäll ginn. Zënter dem Ufank vun der Pandemie wieren 324 Mënschen aus Alters- a Fleegeheemer gestuerwen. Am Ganze sinn 719 Mënschen um oder mat Covid-19 gestuerwen.

Kritik vun der Oppositioun

Den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum bedauert, datt Sous-Traitanten an den Alters- a Fleegeheemer - zu deenen dacks och d'Botzpersonal gehéiert - weiderhin net prioritär solle geimpft ginn. D'Familljeministerin an den Direkter vun der Santé géifen déi Decisioun verdeedegen, bedauert den Oppositiounspolitiker. Wéi et zu de ville Covid-Infektioune konnt kommen, wier awer nach ëmmer net kloer.

Den Deputéierte vun déi Lénk huet och kritiséiert, datt d'Kantinnen a villen Alters- a Fleegeheemer weider genotzt géife ginn, obwuel d'Restauranten a Betribskantinnen dem Gesetz no den Ament zou musse bleiwen.

LSAP fuerdert weider Analysen

Den LSAP-Deputéierten a President vun der Santéskommissioun, Mars Di Bartolomeo, schwätzt sech fir eng onofhängeg Analys vun de rezente Covid-Doudesfäll an den Alters- a Fleegeheemer aus. Ënnert anerem de Staatslabo an de Lëtzebuerger Institut fir Gesondheet LIH sollten déi genau Ursaach vun den Infektiounsclustere vun de leschte Wochen analyséieren.

De Mars Di Bartolomeo ass iwwerdeems géint eng Impfflicht fir d'Personal am Gesondheets- a Fleegesecteur. Amplaz misst weider Iwwerzeegungsaarbecht geleescht ginn:

"Et ass net esou evident. Den Ethikrot ass och virsiichteg a senger Approche. Ech sinn der Meenung, datt hei beim Gesondheetspersonal de gesonde Mënscheverstand, wann een déi richteg Argumenter huet, muss soen, dass wann ee mat fragille Leit a Kontakt ass, dass dee sech selwer schützt fir deen aneren och maximal ze schützen."


D'Informatioun op der Pressekonferenz, datt et zu Ierpeldeng ee Cluster gouf, huet sech als falsch erausgestallt. Mir hunn den Artikel deementspriechend geännert.