D'Doudesstrof existéiert an enger Partie Länner, déi Lëtzebuerger Entwécklungs- a humanitär Sue kréien, oder mat deene Lëtzebuerg kommerziell Accorden huet: Dorënner Vietnam, China, Myanmar, Südsudan, Syrien a Jemen. Lëtzebuerg hätt also do Moyenen, fir weider Drock ze maachen, an ze fuerderen, datt déi Länner d'Doudesstrof ofschafen, esou d'Lëtzebuerger Branche vun Amnesty International an engem Communiqué.
Dobäi kënnt, datt ënner de Länner, mat kommerziellen an humanitäre Lienen zu Lëtzebuerg, der gläich e puer sinn, déi am neien Doudes-Strof-Rapport vun Amnesty besonnesch staark verurteelt ginn. Dat well se, iwwer dee Wee vun der Doudesstrof, Minoritéiten an Opponenten ënnerdrécken. Dorënner wiere Myanmar, Vietnam a China, esou Amnesty.
Am Communiqué schreift den Olivier Pirot, Direkter vun Amnesty Lëtzebuerg, datt d'Lëtzebuerger Regierung op alle Fall bei deene Länner eng komplett Transparenz iwwer d'Aart a Weis, wéi d'Doudesstrof do applizéiert gëtt, fuerdere misst.
Zuel vun Hiriichtungen an Doudesstrofe geklommen
Allgemeng notéiert Amnesty an hirem Rapport, datt d'Zuel vun Hiriichtungen an Doudesstrofen zejoert nees geklommen ass. Am Ganze wiere 597 Mënschen an 18 Länner higeriicht ginn - 20 Prozent méi wéi nach 2020. Allerdéngs war dat en exzeptionellt Joer, mat engem Rekorddéif vun Hiriichtungen, well d'Aktivitéiten op ville Geriichter wéinst der Pandemie limitéiert waren.
Amnesty gesäit dann och verschidde positiv Zeechen: An den USA huet de Staat Virginia d'Doudesstrof ofgeschaaft. Et ass den 23. vun de 50 US-Staaten, deen d'Doudesstrof ofgeschaaft huet.