Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Dullemajik - Häss De Flilléken!

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Weider Etapp fir Google-Datenzenter

Biissen

Weider Etapp fir Google-Datenzenter

Dee geplangten Datenzenter vu Google zu Biissen huet e weidere Schrëtt no vir gemaach: De Biisser Gemengerot huet am zweete Vott gréng Luucht gi fir dee ronn 35 Hektar groussen Terrain am PAG als Zone Spéciale Data Center ëmzeklasséieren.

auto_stories

3 min

Et war net genuch Plaz am Sall vun der Gemengerotssëtzung an der Biisser Gemeng. Ronn 60 Leit ware komm fir nozelauschteren, dorënner Member vun der Biergerinitiativ. Si souze mat Schëlter mam Schrëftzuch "Kee Google op Biissen" am Sall.

143 Reklamatioune wiere bei der Gemeng erakomm, sot de Jos Schummer, mee d'Leit misste verstoen, datt et just drëms géif goen am PAG den Terrain ëmzeklasséieren an eng Zone spéciale Data Center.

Konkret Detailer iwwer de Google-Projet, virun alem iwwer den héije Waasser- an Energieverbrauch, kéimen eréischt am PAP, dem Plan d'aménagement particulier.

En iwwerraschend Resultat

Séier war awer kloer, datt et net nëmme bei der Biergerinitiativ, mee och am Biisser Gemengerot selwer, seriö Bedenke gëtt. Am éischte Vott de 6. Januar hunn déi 11 Membere vum Gemengerot nach unanime fir d'Ëmklasséierung gestëmmt.

De Christian Hoscheid an d'Cindy Barros Dinis, allebéid CSV, hunn hir Meenung awer geännert, a sou koum et dunn zu deem iwwerraschende Resultat: 4 Jo-Stëmme géint zwee Nee-Stëmmen. Déi fënnef Oppositiounsmembere vum Grupp Är Leit hu sech alleguer enthalen.

Den CSV-Buergermeeschter Jos Schummer huet duerno net verstoppt, datt hien iwwer den Nee-Vott vun den zwee CSV-Kollegen net frou war. Et wier net positiv. "Mir wësse jo och, datt d'Politik vun der CSV keng Politik ass, déi fir den Datenzenter ass." Wéi eng Konsequenzen de Jos Schummer vun dësem Vott géif zéien, wollt hien awer net soen.

Biergerinitiativ schwätzt vun "Nonsense"

Mee och d'Biergerinitiativ kämpft weider géint de Projet, seet d'Denise Fischer-Thomas, Presidentin vun de Initiativ. Besonnesch um Häerz läit hir d'Waasserkillung vum Datenzenter, déi vill Kaméidi géif maachen a waarm Loft géif produzéieren, souwéi de Käschtepunkt fir de Stroum. "Ech verstinn einfach net, wéi esou een Nonsense hei zu Biissen ka sou wäit goen."

Den Ed Sinner hält sech d'Optioun vu juristesche Méiglechkeete gären op. "Mir wäerten alles ausnotzen, wat mir kënnen, fir ze verhënneren, datt déi Saach esou schlëmm weidergeet, wéi se bis elo ugefaangen huet."

Oppositioun huet sech enthalen

Verschidde Bierger weise sech enttäuscht, datt d'Oppositioun sech enthalen huet. "Ech verstinn net, wéi ee bei esou enger wichteger Decisioun net de Courage huet fir ze bekennen, ech sinn elo dofir oder dogéint. Een, dee sech enthält, ass net do."

Ee vun deenen, déi sech enthalen hunn, ass de Georges Lucius. Hie begrënnt säit Vott doduerch, datt vill Fuerderungen, déi d'Oppositioun gestallt hat, net erfëllt gi sinn, "ouni datt mir komplett géint de Projet sinn a mir wëllen dat och signaliséieren. Dat heescht, de Projet ass wichteg fir Lëtzebuerg an eisen Aen. Mee et feelt un Transparenz."

Nächst Etapp: PAP

De Buergermeeschter bleift awer formell: Hien hätt keng Detailer vu Google kritt. Et hätt een awer Detailer vun anere Sitten aus der Belsch, Holland an anere Plaze kritt.

Trotz deem politeschen Eclat an der Biisser Gemeng ass de Projet fir e Google Datenzenter e gudde Krack virukomm. D'Ëmklasséierung vum Terrain am PAG ass elo duerch, an déi nächst Etapp, de PAP, wäert kommen, seet de Jos Schummer. De Minister hätt dräi Méint Zäit fir seng Autorisatioun ze ginn, an da géif d'Prozedur weidergoen.

Um Enn seet de Jos Schummer nach: hie wier trotz allem zefridde mam Resultat vum Vott. Et kéint een elo mam PAP ufänken, "wou mir ebe genee déi Froe kënne beäntweren".