Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Weider Informatiounen iwwer Comité d'initiative d'nächst Woch

Verfassungsreform

Weider Informatiounen iwwer Comité d'initiative d'nächst Woch

Wie sinn d'Membere vum Comité d'Initiative, dee beim Premier d'Organiséiere vun engem Referendum iwwert d'Jusitzkapitel vun der Verfassung ugefrot huet? A vu wéini un a bis wéini kënnen d'Wieler op hire Gemengen ënnerschreiwen, fir datt et zu esou engem Referendum kënnt? Dës Informatioune wäerten d'nächst Woch publizéiert ginn, am Mémorial an an op d'mannst dräi Dageszeitungen.



auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

D'Kommunikatioun wäert warscheinlech eréischt Enn vun der nächster Woch gemaach ginn, huet et haut op Nofro aus dem Staatsministère geheescht. De Xavier Bettel hat d'Demande vum Comité d'Initiative een Dënschdeg kritt, an de Regierungschef hat en Donneschdeg decidéiert, datt dës Demande recevabel ass.

De Gemengesyndikat Syvicol wäert d'Gemenge bei dëser Aufgab ënnerstëtzen, sou de Buergermeeschter vun der Gemeng Klierf a President vum Gemenge-Syndikat, Emile Eicher. Wéi een de Gemengen am beschten hëllefe kéint géif een e Méindeg an enger Woch an engem Sëtzung vum Comité decidéieren. "A mir wäerten och de Leit dobaussen hëllefe mat Rot an Dot fir méiglechst einfach an onkomplizéiert d'Méiglechkeet ze gi fir an d'Lëschten aschreiwen ze kommen."

D'Organiséiere vun der Collecte vun den Ënnerschrëften ass fir d'Gemenge keng alldeeglech Erfarung, mee eng zousätzlech Belaaschtung, erkläert de Syvicol-President Emile Eicher.

Déi ëffentlech Petitioun vum Petitionär Gérard Koneczny, déi och e Referendum iwwert d'Verfassungsreform verlaangt, hate bis de Moien iwwregens ronn 15.600 Leit ënnerschriwwen: néideg fir een Debat Public an der Chamber ware 4.500 Ënnerschrëften.

Wann dës Petitioun an den nächsten 11 Deeg am Ganze 25.000 Ënnerschrëfte kritt, da wëllt d'CSV e Referendum "un d'Rulle bréngen", wéi de Parteipresident Claude Wiseler dat d'lescht Woch ugekënnegt hat, beim éischte Vott iwwert dat reforméiert Justizkapitel vun der Verfassung. D'Demande fir d'Organiséiere vum Referendum misst da vu méi wéi 15 Chamber-Deputéierte gemaach ginn.