No der Decisioun iwwer Fiat, déi Lëtzebuerg scho virum EU-Geriichtshaff contestéiert huet, lafe géint Lëtzebuerg nach dräi weider Enquêten iwwert méiglech illegal Staatshëllefen. Am Fall vum franséischen Energie-Konzern ENGIE géif d'Kommissioun de Moment Informatioune vun der Gesellschaft a vun de Lëtzebuerger Autoritéite sammelen. Dat sot d'EU-Kommissärin fir Konkurrenz eisem USA-Korrespondent Philip Crowther.
"Ganz gutt Aarbechtsbezéiungen"
D'Enquêtë ronderëm Amazon a McDonald's wiere scho méi fortgeschratt. Allerdéngs wier net ofzegesinn, wéini an deene Fäll eng Decisioun géif falen, esou d'Margrethe Vestager. D'Aarbechtsbezéiung mat de Lëtzebuerger Autoritéite bezeechent si iwwerdeems als ganz gutt.
"Dat heescht net, datt mir bei allem op enger Linn sinn. Heiansdo souguer ganz am Géigendeel. Mä wa mir mateneen ze dinn hunn, dann ass et konstruktiv an zevirkommend. Dofir muss een net averstane sinn."
Positiv wier schonn emol, datt Lëtzebuerg seng eege Gesetzer iwwerkuckt huet, mengt d'Margrethe Vestager. Ënnert anerem d'Gesetzer iwwert d'Finanzgesellschaften. Datt an Zukunft weider Fäll vun illegale Staatshëllefe géint Lëtzebuerg opgemaach géife ginn - et weider Plaintë géif ginn - kéint een net ausschléissen. D'Prioritéit wier allerdéngs, déi lafend Fäll ofzeschléissen.
Roll vum EU-Kommissiounspresident
D'EU-Kommissioun ka sech net onparteiesch a grëndlech mam ëmstriddene Lëtzebuerger Steiermodell ausenee setzen, soe Kritiker. Mam Argument, datt un der Spëtzt vun der bréisseler Executiv e Lëtzebuerger steet. D'EU-Kommissärin fir Konkurrenz, Margrethe Vestager, seet si hätt de Jean-Claude Juncker net a Fäll consultéiert, an deen hien als fréiere Premier kéint Decisioune geholl hunn.
"Am Ufank vu mengen Mandat sot de President mir, ech kéint d'Fäll esou behandelen, wéi ech dat fir richteg halen. An dat maachen ech och, esou gutt et geet."
Et wier net hir Roll "fir mam Fanger ze weisen" an ze soen ob de Jean-Claude Juncker a senger fréier Funktioun Feeler ze veräntwerten hätt, oder net. "Dat läit am Wiese vun den Enquêten iwwert illegal Staatshëllefen. Eise Message un déi concernéiert Memberstaaten ass: 'Dir musst déi illegal Staatshëllef zeréck verlaangen'."