Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bréif mat Reprochë géint HRS-Responsabeler beim Collège mécidal

HRS

Bréif mat Reprochë géint HRS-Responsabeler beim Collège mécidal

De Collège médical krut dës Woch e weidere Bréif vun engem Dokter aus den Hôpitaux Robert Schumann. E puer Deeg nodeems en anere Bréif ukomm war mat awer enger gefälschter Identitéit. Dëst Kéier ass den Auteur authentesch an eenzel Reprochë sinn eisen Informatiounen no änlech.

auto_stories

2 min

Niewent de Reprochë géint Responsabeler vum Groupe HRS geet et hei ëm e konkrete Fall deen awer och am anonymme Schreiwes thematiséiert gëtt. Dem President vum Collège méàdical Pit Buchler no, géif dee Fall elo ënnersicht ginn. Et wier ee mat engem konkrete Fall vun engem Dokter befaasst ginn. Esou Bréiwer géif de Collège Medical méi dacks kréien.

Allerdéngs wier de Collège médical virun allem zoustänneg fir d'Ethik déi sech un déi medezinesch a pharmazeutesch Professioun adaptéiert. Bei schlëmme Feeler op professionellem Niveau kann de College médical den Dossier virun de Conseil de discipline ginn esou de Pit Buchler.

"Wa mir der Meenung sinn dass dat eng schlëmm Saach ass da maache mir eng ganz Instruktioun an deposéieren den Dossier virum Conseil de discipline an dat geet dann iwwer Magistraten ofgehandelt."

Eng Rei juristesch Virwërf ronderëm de gefälschte Bréif

Am Fall vum anere gefälschte Bréif deen d'lescht Woch am Collège médical ukomm ass an och op Whatsapp zirkuléiert ass huet den Dokter Elcheroth Plainte gemaach. Dat sot eis säin Affekot François Prum op Nofro hin. De Bréif gouf mat den Initialie "Dr. R.E" ënnerschriwwen an huet grave Reprochë géint Responsabeler vum Groupe HRS formuléiert. De René Elcheroth hätt dëse Bréif net geschriwwen esou säin Affekot. Ënnert anerem steet de Reproche vu Fälschung am Raum. Ma och nach usurpation de nom an d'Publikatioun vu Schrëftstécker ouni sech ze identifizéieren. De Collège médical hat decidéiert net op en anonymme Bréif anzegoen sou de Pit Buchler.

"Souwäit ech weess ass jo och elo eng Plainte gemaach gi fir déi Anonymitéit do opzehiewen. A jee nodeems wat do raus kennt bei den Untersuchunge vum Parquet wäert de Collège médical sech och zu dem positionéieren. Wann da lo gewosst gëtt wien den Auteur war."

De Collège médical kéint sech dem Pit Buchler no och selwer saiséieren. De Group HRS hat gëschter geschriwwen datt déi anonym Mobbingvirwërf aus de leschten Deeg géifen am Kader vun enger interner Enquête ënnersicht ginn.