Weidere Member vun der Cargolux-Generaldirektioun demissionéiert

D’Well vun den Demissiounen aus Frust géint d’Entwécklunge bei der Cargolux geet virun : den Henning zur Hausen, Member vun der Generaldirektioun, wiesselt gutt informéierte Sourcen no bei Etihad Airways vun Abu Dhabi. De fréiere Lufthansa-Mataarbechter war zënter 2011 responsabel fir Compliance a Legal Affairs. Hien huet an de leschte Wochen d’Verhandlunge mat de Gewerkschafte fir en neie Kollektivvertrag ugefaang. An der nächster Verhandlungsronn de 7. November soll hie schonn net méi dobäi sinn.

Wéi mer dat an der Vergaangenheet um radio 100,7 gemellt hu, war den Henning zur Hausen schonn d’lescht Joer géint d’Entwécklunge bei der lëtzebuerger Cargogesellschaft. En huet och intern seng Bedenke geäussert wéinst dem Recrutement vum Robert Song, deen am Fréijoer no nëmmen aacht Wochen an der Generaldirektioun nees opgehal huet.

Am Januar 2014 hunn d’Direktiounsmembere Peter van de Pas a Robert van de Weg demissionnéiert. Aner Manager, déi d’Cargolux 2014 verlooss hu, sinn : Yves Germeaux, Matthew Ma, Klaus Gries, Henrik Ambak.

An enger interner Kommunikatioun vum 4. November, déi eis virläit, ass iwwerdeems confirméiert ginn, datt no enger laanger Sich fir en Ersatz fir de Robert van de Weg e Successeur fonnt gouf : den Niek van der Weide. De Mimmo Ceci gëtt responsabel fir Commercial Planning, an de Kevin Nash vu Kuehne + Nagel soll d’nächst Joer den Henrik Ambak ersetzen.

Dräi Stonnen no der 100,7-Nouvelle huet d'Cargolux den Départ vum Henning zur Hausen an dësem Communiqué confirméiert.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen