Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Weideren Eclat an der Gemeng Keel-Téiteng

Weideren Eclat an der Gemeng Keel-Téiteng

Weideren Eclat an der Gemeng Keel-Téiteng

Am Keeler Gemengerot koum et de Moien op een Neits zu engem Eclat: anescht wéi virgesi konnt do net iwwer den neie Schäfferot ofgestëmmt ginn. Dat well de Buergermeeschter John Lorent de Conseiller Marcel Humbert vun der Sëtzung ausgeschloss huet. Dat huet de Buergermeeschter eis de Mëtteg elo selwer confirméiert.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Mëtt Dezember hat den Ex-LSAP Conseiller Marcel Humbert géint de Budget gestëmmt, an déi rout-gréng Majoritéit un d'Fale bruecht. Nom Mësstrauensvotte géint d'Majoritéit virun enger Woch sollt elo de Moien iwwert e neien CSV-DP Schäfferot, ënnert der Leedung vum Jean Weiler, CSV, als neie Buergermeeschter, ofgestëmmt ginn. Mee den nach LSAP Buergermeeschter John Lorent huet de Marcel Humbert vun der Sëtzung ausgeschloss. Hien hätt deen néidege Certificat fir seng Covid-Heelung net gehat. Dofir wier him näischt anescht iwwreg bliwwen, wéi den Här Humbert vun der Sëtzung auszeschléissen, sou den Nach-Buergermeeschter John Lorent.

Doropshin hunn CSV an DP de Sall verlooss, den néideg Quorum war net erreecht, et konnt net zum Vott kommen. De Marcel Humbert seet hien hätt de Certificat vum negative PCR-Test geschéckt kritt. Dofir hätt hien dee Certificat de Moien net gehat. Hien hätt awer och negativ Schnell-Tester gemaach, déi de Buergermeeschter net akzeptéiert hätt.

De Buergermeeschter seet par konter, de Marcel Humbert hätt och kee Schnelltest virgewisen. "D'Gemengeskretärin sot formell, och de Schnelltest loung net vir."

Egal wéi, ass elo net kloer, wéini iwwert den neie Schäfferot wäert ofgestëmmt ginn. De John Lorent wëllt momentan keng Ausso doriwwer maachen. Warscheinlech géif ee waarde bis den Här Humbert all seng Certificate beieneen huet.

Wat d'Zesummesetzung vum neien CSV-DP Schäfferot zu Keel ugeet, sot Marcel Humbert eis nach, datt virgesi wier, datt den Här Weiler (CSV) de Buergermeeschter oll stellen, den éischte Schäffe géif de Romain Becker (DP) ginn an den zweete Schäffen géif de José Gonsalves (CSV). Hie selwer géif Gemengerotsmember bleiwen, sou nach de Marcel Humbert.