Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéineg Interessi bei Auslänner fir Wahlen

Gemengewahlen

Wéineg Interessi bei Auslänner fir Wahlen

Zu Lëtzebuerg hu sech ronn 34.500 Auslänner fir d'Gemengewahlen ageschriwwen. Dat sinn 23 Prozent vun de Wahlberechtegten. Trotz enger grousser Kommunikatiounscampagne bleift den Interessi niddreg. Wat si Grënn dofir? Wat ka gemaach gi fir d'Auslänner méi staark ze mobiliséieren?

auto_stories

3 min

Et gesäit aus, wéi wann de Prozentsaz vun Auslänner op de Wielerlëschten zënter de leschte Wahlen an d'Luucht gaange wier. 2011 louch d'Wahlbedeelegung bei 17 Prozent, dëst Joer läit de provisoreschen Taux bei 23 Prozent.

Déi Zuele kéint een net matenee vergläichen, heescht et beim OLAI. Dës Kéier ginn nämlech just Leit mat aberechent, déi scho fënnef Joer zu Lëtzebuerg wunnen, an deemno d'Recht hu fir sech fir d'Gemengewahlen anzeschreiwen. 2011 gouf nach einfach all volljäregen Auslänner gezielt.

Dat provisorescht Resultat wier enttäuschend, seet den Emile Eischer vum Gemengesyndicat Syvicol. Zesumme mam Cefis wier eng ganz "Reuniouns-Well" organiséiert ginn. An deene 24 Informatiounsversammlunge wieren all Kéiers tëschent 20 a 50 Leit gewiescht.

"Do hätt ee sech erwaart gehat, datt den Echo méi grouss gewiescht wier. Et ass jo awer och masseg Pub gemaach ginn. Dat schéngt net gewierkt ze hunn."

Ufanks vum Joer hat den Integratiounsministère eng Informatiounscampagne gestart, déi 65.000 Euro kascht huet. Duerch Publicitéit a spezifesch Aktiounen hat ee sech eng Hausse vun den Aschreiwungen erhofft.

"Ganz zefridden hei"

Den Alain Maury setzt sech beim Cefis dofir an, fir d'Net-Lëtzebuerger fir d'Wahlen ze mobiliséieren. Hien ass och selwer an enger franséischer Partei aktiv. Senger Meenung no engagéieren déi politesch Parteie sech net genuch.

"D'Politesch Parteie kommunikéieren net vill an anere Sprooche wéi dem Lëtzebuergeschen. Verschiddener mussen nach Efforte maachen."

Datt sou wéineg Auslännner sech fir d'Lëtzebuerger Politik interesséiere géif weisen, "datt déi Leit ganz zefridden hei sinn", sou d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer. "Wa si wierklech ganz onzefridde wiere mat deem wéi et hei géing lafen, dat si Wahle wierklech de Moment fir dat auszedrécken an engem demokratesche Staat."

Een Argument dat d'Laura Zuccoli vun der ASTI net gëlle léist. De politesche Wëllen wier einfach net do. Den 10. Februar hätt de Regierungsrot e Gesetzprojet gestëmmt, deen Aschreiwungen iwwer elektronesch Weeër soll erméiglechen. "Dat läit nach ëmmer um Instanzewee. Dat gëtt net fäerdeg. Do gesäit ee jo och bëssen de Wëllen." D'Leit missten nach ëmmer op d'Gemeng goen, fir sech anzeschreiwen.

"Ee Bewosstsinn schafen"

D'Mobilisatioun vun den Auslänner misst ee ganz anescht upaken, seet den CSV-Deputéierte Marc Spautz. Fir d'éischt misst zum Beispill gekläert ginn, "ob bei hinnen iwwerhaapt eng Bereetschaft do ass." No de Wahle missten d'Parteien an d'Regierung e Bilan maachen.

Fir d'Chamberwahlen 2018 misst méi proaktiv geschafft ginn, mengt den Emile Eicher vum Syvicol. D'Politik misst bei d'Leit goen an net ëmgedréit.

"Nach méi ee Bewosstsinn schafen, datt si wëssen, datt hir Stëmm herno en direkten Afloss op d'Zukunft vun hinnen a vun hire Kanner huet. Ech mengen dat realiséiere si net."

Vun de ronn 34.500 Auslänner déi sech an d'Wielerleschten agedroen hunn, sinn iwwer d'Halleschend Fransouse, Portugiesen an Italiener. D'Aschreiwungen fir d'Auslänner sinn zënter dem 21. Juli zou. D'Umellungen fir d'Bréifwahl fänken den 31. Juli un, an daueren bis den 8. September.