Radioen

On air

Notturno  |  Manduka - De Un Extranjero

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéini ass de Macron och an Europa entzaubert?

EU-Politik

Wéini ass de Macron och an Europa entzaubert?

De franséische President Emmanuel Macron huet sech, zesumme mam Lëtzebuerger a mam belsche Premier, virgeholl, den europäeschen Integratiounsprozess ze relancéieren. Wat déi dräi liberal Politiker de leschten Dënschdeg am Schlass zu Senneng presentéiert hunn, ass vague genuch, datt een alles a virun allem näischt kann eran interpretéieren.

auto_stories

3 min

Kommentar Macronplay_arrow

A Frankräich huet d'Faszinatioun fir de Staatspresident Emmanuel Macron séier ofgeholl. Enger rezenter Ëmfro no sinn nëmmen nach 40 Prozent vun de Befrotene mam Macron zefridden, 22 Punkte manner wéi bei senger Wahl - an dat sinn eréischt dräi Méint hier ... Dat kéint ee Grond sinn, firwat de Star-Politiker de Moment vun Initiativen nëmmen esou spruddelt.

Elo huet hien also decidéiert, den europäeschen Integratiounsprozess ze relancéieren, eng Verdéiwung vun der Kooperatioun a Schlësselberäicher mat EU-Memberstaten, déi gewëllt sinn do méi wäit ze goen. "Europa vun deenen zwou Vitessen" oder "Kär-Europa": dat ass keng nei Iddi. Mä et ass eng, déi sech ëmmer méi opdrängt, virun allem och wéinst der Haltung vu verschiddenen ost-europäesche Memberstaaten, déi an der Flüchtlings-Politik - an net nëmmen do - hir eegen Zëppche wëlle kachen.

Vague Virschléi vun der liberaler Boy Band

Fir sech mat sengem Virstouss elo net mussen eleng an d'Arena ze stierzen, huet den Emmanuel Macron de Lëtzebuerger an de belsche Premier matabezunn. Zwee Liberaler wéi hien, doheem och net grad onëmstridden an dofir ëmsou méi op e bëssen europäesche Glanz a Gloria ugewisen. Dobäi kënnt, datt den Emmanuel Macron an der Europäescher Unioun gewëssen Hoffnungen erwächt huet bei all deenen, déi sech ee Géigegewiicht zu engem ze dominanten Däitschland wënschen. Bleift ofzewaarden, wéi laang dës Hoffnungen halen ...

Wat mécht déi heiten Initiativ elo sou besonnesch? Bis elo eigentlech net vill. Wat déi liberal Boy Band am Sennenger Schlass, kuerz virun der politescher Rentrée, presentéiert huet, ass vague genuch, datt een alles an näischt kann dran interpretéieren. Konkret hu Macron, Bettel a Michel näischt virgeschloen, ausser datt een a Schlësselberäicher wéi Eurozon, Sozialpolitik a Steierpolitik wéilt weiderkommen.

"Sozialpolitik" fir déi Räich a fir d'Patronat

Sozialpolitik? De franséische President wëll géint Sozialdumping bannent der EU virgoen an d'Detachements-Direktive revidéieren. Wat hien um soziale Plang soss nach ze bidden huet, sinn de Moment - a sengem Land - virun allem Steierkadoe fir déi Räich an eng Revisioun vum Aarbechtsrecht zugonschte vum Patronat.

An der Migratiounspolitik wëll hie mat autoritäre Staaten um afrikanesche Kontinent zesummeschaffen, fir Flüchtlingen drun ze hënneren, an Europa ze kommen: wéi si dat maachen, dat brauch een esou genee net ze wëssen ... Jiddefalls eng inakzeptabel Iddi, déi Däitschland viru Jore lancéiert huet a fir déi Berlin wahrscheinlech elo gréng Luucht ginn huet.

D'Betribssteieren an der EU harmoniséieren? Gären. Mä datt een et do net ze bont dreift, dofir dierft ausgerechent de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel suergen. Wéi laang dauert et dann elo, bis den Emmanuel Macron och an Europa entzaubert ginn ass?