Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  The Clash - Spanish Bombs

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéini kënnt den elektroneschen Austausch vun Donnéeën?

CNS

Wéini kënnt den elektroneschen Austausch vun Donnéeën?

Zéng Joer nodeem d'Agence eSanté gegrënnt gouf fir den elektronesche Patientendossier ze schafen, gëtt et nach ëmmer kee fäerdege System, deen den Austausch vun den Donnéeën an den direkte Remboursement erméiglecht. D'CNS versprécht elo, datt de System bis Juli d'nächst Joer soll stoen.

auto_stories

4 min

D'lescht Woch huet d'Doktesch- an Zänndoktesch-Associatioun AMMD de Conseil de Gérance vun der Agence eSanté, där hier Aufgab et ass d'elektronesch Patientendossieren auszestellen, aus Protest verlooss.

D'Doktere géifen net genuch mat abezu ginn an hir Propose géifen an der Agence op daf Ouere stoussen, behaapt den AMMD President Alain Schmit.

Problem läit beim Choix vun enger digitaler Plattform

Hannergrond ass e Muechtkampf tëschent Dokteren an CNS iwwer d'Fro, wéi eng digital Plattform benotzt soll ginn, a wat déi alles soll kënnen.

D'AMMD huet zesumme mat enger privater Firma e System entwéckelt, dee sech DHN nennt. Dëse System soll den elektroneschen Austausch vun Donnéeën an och den direkte Remboursement vum Patient erméiglechen.

Den AMMD-President Alain Schmit seet, datt d'Agence eSanté dëse Projet géif boykottéieren:

"Ufanks wier gesot ginn, datt PatientInnen iwwer eis App Accès zu hirem DSP (Dossier à soins partagé) kréie kéinten, an datt déi Dokumenter och elektronesch signéiert kéinte ginn. Spéider hätt sech erausgestallt, datt de Wëllen, deen Accès ze ginn, guer net do war, an datt PatientInnen deemno keen Accès op hir Dokumenter kruten."

AMMD-Austrëtt vum Conseil de Gérance wier enttäuschend

De Christian Oberlé, President vun der Agence eSanté an och gläichzäiteg President vun der CNS, bedauert eegenen Aussoen no, datt d'AMMD de Conseil de gérance vun der Agence eSanté verlooss huet.

Ouni d'Doktere géif eng wichteg Perspektiv an der Agence feelen, an dëst wier eng Enttäuschung, erkläert hien:

"[...] idealerweis ass, datt déi eenzel Acteure vun der Santé ronderëm den Dësch zesumme sëtzen, an d'Digitalisatioun esou zesummen ausschaffen datt jidderee sech kann doranner erëm fannen. Wann dann ee mengt e wier net genuch gehéiert ginn oder gekuckt gi wat fir hie wichteg ass, ass dat net glécklech."

De Christian Oberlé wéilt awer weider am Dialog mat der Dokterschaft bleiwen, seet hien. Et gëtt scho laang un esou engem System geschafft, a bis elo hätte wéineg Doktere sech dofir interesséiert.

AMMD-System gëtt wéineg benotzt

De System, deen d'AMMD selwer developpéiere gelooss huet, gëtt den Ament just vun 30 Dokteren aktiv genotzt, esou de Christian Oberlé. Et wier erstaunlecht, datt ganz wéineg Dokteren dëse Produit bei sech an der Praxis asetzen, seet hien:

"Wéi mir am Juli ugefaangen haten, sot d'DHN dat bannent zwee Méint eng 700 Dokteren um System dru wieren. Et waren der am Endeffekt 100 déi jo soten an elo sinn eng 30 déi aktiv domat schaffen. Do ass e reelle Problem dee fir eis schwéier nozevollzéien ass.

Et wier wichteg, datt ee probéiert dëse Problem zesummen ze verstoen, esou nach de Christian Oberlé.

Neie System vun Epione fir Juli 2023 geplangt

Fir de Juli d'nächst Joer wëll d'Agence eSanté de System vum elektroneschen Donnéesaustausch an dem direkte Remboursement fäerdeg hunn. Dat eventuell da mat engem anere System wéi deen, dee vun der AMMD entwéckelt gouf.

Et gëtt effektiv en zweete Fournisseur, deen un engem digitale System schafft, erkläert de Christian Oberlé. Dëst wier technesch eng aner Léisung, déi awer dat selwecht maache kéint déi den AMMD-System:

"En [den neie System] ka memoire d'honoraire vum Dokter bei eis an d'CNS schécken, datt déi da méi séier vun der CNS rembourséiert ginn. An ech ginn dovun aus, datt se och bereet sinn de System duerno weider ze entwéckelen, fir datt se och kënnen de Payment immediat direct maachen, esou wéi dat och mat DHN virgesi war."

Aneren Epione-System scho present a villen Apdikten

Epione nennt sech d'Firma, an där och e Logiciel vertrueden ass, dee vun enger Majoritéit vun den Apdikter hei am Land benotzt gëtt, seet de Christian Oberlé.

Mat der Interface vun Epione kéinten a relativ kuerzer Zäit ronn 1.100 Dokteren equipéiert ginn, heescht et op Nofro hi bei der Firma. Mee domat ass allerdéngs nach net gesot, datt den elektronesche Patientendossier e Succès gëtt.

Wann d'Agence eSanté elo en eegene System lancéiert, bleift ofzewaarden, ob deen och wäert an der Praxis genotzt ginn.