Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéini kënnt den Impfstoff?

Corona-Pandemie

Wéini kënnt den Impfstoff?

AstraZeneka huet d'Tester vu sengem Corona-Impfstoff gestoppt, trotzdeem soll d'Prozedur fir en zouzeloossen net an d'Längt gezu ginn. Et ass net sécher, datt den Impfstoff nach dëst Joer zu Lëtzebuerg disponibel ass, sou d'Santé. D'Fro, wéi en an enger éischter Phas soll hei am Land verdeelt ginn, ass och nach op.

auto_stories

3 min

Wann et ëm Impfstoffer geet, wëllt d'EU een anert Bild ofliwweren, wéi dat, wat sech duerch de Chaos vun den Anti-Corona-Mesurë presentéiert huet.

Zesummen, an net ee géint deen aneren, dat ass de Plang. D'Europäesch Kommissioun huet d'Saach an d'Hand geholl an ass am gaange mat Pharma-Entreprisen ze verhandelen.

"Mir hunn een éischte Kontrakt mat AstraZeneka. Mir sinn och scho gutt virukomm an de Gespréicher mat Sanofi, Johnson and Johnson, Curevac a Moderna. A mat Biontec si mer drop an drun, d'Prozedur ofzeschléissen", sou d'Vertriederin vun der Europäescher Kommissioun Sandra Gallina. Si huet dës Woch d'Europadeputéiert op de leschte Stand bruecht.

EU-Kommissioun iwwerhëlt de Risiko

De Kontrakter no, déi mat den Entreprisen ënnerschriwwe ginn, huet all EU-Land d'Recht, Dosen vun deem respektiven Impfstoff ze kafen. D'Kommissioun geet a Vierleeschtung an iwwerhëlt Garantien, och fir de Fall, datt den Impfstoff dono eventuell net zougelooss gëtt. D'Memberlänner awer ginn dee Risiko net an. Si kafen dono de fäerdege Produit.

Fir de Vaccin vun AstraZeneka huet jiddwereent vun de 27 EU-Memberstaaten Interêt ugemellt, also och Lëtzebuerg. Dat confirméiert d'Dr. Anna Chioti, Chef vun der Divisioun Pharmacie et Médicaments am Gesondheetsministère.

Déi 300 Milliounen Dosen, déi de 27 Memberlänner zur Verfügung stinn, ginn no engem Schlëssel verdeelt, dee sech op d'Zuel vun den Awunner vun engem Land bezitt. D'Europäesch Kommissioun recommandéiert als éischt d'Personal aus dem Gesondheetssecteur impfen ze loossen an déi vulnerabelst Persounen.

Et géif een deem Rechnung droen, mee et wier nach net decidéiert no wéi engem Schlëssel een zu Lëtzebuerg wëllt virgoen, sou d'Anna Chioti.

Wat déi aner Impfstoffer ugeet, wëllt een d'éischt emol nach déi entspriechend Donnéeën iwwerpréiwen, ier een eng Demande bei der EU-Kommissioun mécht.

Déi nächst Woch soll den Conseil Supérieur fir ustiechend Krankheete Recommandatiounen doriwwer erausginn. Lëtzebuerg huet keng aner Demarche wéi déi, op europäeschem Niveau Impfstoffer anzekafen, gemaach an hätt dat och net wëlles, sou d'Anna Chioti.

Europaparlament: Prozedur ass net transparent genuch

Am Europaparlament mécht ee sech iwwerdeems Suergen. Virun allem iwwer d'Rechter vum Patient. Well et gouf Artikelen an der Press doriwwer, datt déi net esou garantéiert sinn, wéi soss bei Medikamenter.

D'Vertriederin vun der Kommissioun Sandra Gallina verséchert am Debat ëmmer nees: "D'Rechter vun all de Patienten, vun allen EU-Bierger, bleiwen onverännert. Mir hunn d'Gesetzer net geännert."

"D'Fro, déi sech stellt ass: Ass am Fall vun Indemnisatiounen no eventuelle Schied duerch Niewewierkungen de Staat oder de Pharmakonzern responsabel?", seet dozou d'Anna Chioti vum Gesondheetsministère. Déi Fro misst nach endgülteg gekläert ginn. Et wier een och am Kontakt mat der Patientevertriedung, fir dofir ze suergen, datt d'Rechter vum Patient garantéiert sinn.

D'Sandra Gallina gëtt bei där Geleeënheet awer zou: d'Kommissioun hätt sech kënne méi dru ginn, wann et ëm d'Transparenz an deenen Negociatioune geet.

Och dat ass ee Kritikpunkt am Europaparlament. Et geet zum Beispill ëm d'Publikatioun vun de Nimm vun de Membere vum Expertegrupp vun der Kommissioun an ëm d'Publikatioun vun de klineschen Donnéeë vun de Präparater.

D'Kommissioun versprécht Besserung, hält sech awer weiderhin zeréck. D'Nimm vun den Experte bleiwe geheim, an d'Donnéeë fléisse just an den definitive Rapport vun der Europäescher Medikamentenagence mat eran.

De Präis vun enger Dosis Impfstoff soll tëschent fënnef a 15 Euro leien, sou vill huet d'Sandra Gallina nach verroden. Och Memberlänner, déi net esou vill kënne bezuelen, sollte sech den Impfstoff leeschte kënnen.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.