Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Weltklimakonferenzen hu "bis elo net vill bruecht"

COP26

Weltklimakonferenzen hu "bis elo net vill bruecht"

De Pascal Husting erwaart sech net, datt op der Weltklimakonferenz zu Glasgow grouss Schrëtt a Richtung vu enger méi ambitiéiser internationaler Klimapolitik geholl ginn.

auto_stories

1 min

De fréiere Programmchef vun der Ëmwelt-ONG Greenpeace seet, wann een sech ukuckt, wat déi 25 Klimakonferenzen, déi bis elo ware bewierkt hätten, da géif ee feststellen, datt déi Versammlunge bis elo net ganz vill bewierkt hätten:

"Wann een sech d'Geschicht vun de 25 Klimakonferenzen ukuckt, déi et bis elo gouf, a wann een dat vergläicht mat der Entwécklung vun den Zäregas-Emissiounen, dann hunn déi politesch Rendezvousen do u sech net vill bruecht."

An awer hält de Pascal Husting et fir sënnvoll, datt vun e Sonnden un Vertrieder vun iwwer 190 Länner sech treffe fir hir Klimaziler ze evaluéieren:

"Ech mengen et muss een der Iddi Zäit ginn. Quitt datt eng Urgence climatique do ass, si mer an engem Transitiounsprozess, deen all Beräich vum Liewe betrëfft. An dofir mengen ech muss een hei, trotzdeem datt ee gären hätt datt et geschitt, sech e bëssen Zäit ginn."

D'Iddi, datt all d'Länner eege Klimaziler mussen op den Dësch leeën, wier zum Beispill eréischt 2015 mam Klimaaccord vu Paräis entstanen.