20 Prozent vun de Kanner aus den 41 räichste Länner liewen an der Aarmut. All aacht Kand leit ënnert der Liëwensmëttelonsécherheet, dat ergëtt de Rapport vun Innocenti, dem Fuerschungszenter vun der UNICEF. Dee Rapport befaasst sech mat der Situatioun vun de Kanner an analyséiert a wéi wäit d'Objektiver vun der UNO iwwert déi nohalteg Entwécklung an de räiche Länner erreecht ginn.
De Grand-Duché kënnt am Allgemengen op déi 14. Plaz. Besonnesch schlecht sinn d'Resultater zu Lëtzebuerg, wat d'Loftqualitéit an de Stied ugeet. Do kënnt d'Land op déi 31. Plaz.
Fuerderung no Aktiounsplang géint Gewalt
Relevant ass och d'Kapitel iwwert de sexuelle Mëssbrauch. Zu Lëtzebuerg soten 13 Prozent vun de Fraen tëscht 18 an 29 Joer, datt si an hirer Kandheet a virum Alter vu 15 Joer vun engem Erwuessene sexuell mëssbraucht goufen, seet d'Sandra Visscher, Direktesch vun UNICEF Lëtzebuerg. 35 Prozent vun de Frae soten iwwerdeems, datt si vun engem Erwuessene physesch Gewalt erlieft hunn.
Aus deem Grond fuerdert UNICEF Lëtzebuerg datt d'Regierung een Aktiounsplang géint d'Gewalt ausschafft. D'Gewalt géint Kanner huet een negativen Impakt op déi spéider psychologesch Entwécklung an op déi schoulesch a berufflech Performance vum Kand.