Radioen

On air

Notturno  |  404 Guild - The Evening Star

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Whistleblower oder Déif?

Luxleaks-Prozess

Whistleblower oder Déif?

D'Uerteel am Prozess gëtt de Mëtten um dräi Auer gesprach. Ugeklot sinn zwee fréier PWC-Mataarbechter an ee Journalist. Haaptvirworf: vertraulech Dokumenter geklaut ze hunn, respektiv Kompliz ze sinn. Fällt hei eng wichteg Decisioun zugonschte vum Schutz vu "lanceurs d'alerte"? Gëtt Lëtzebuerg weltwäit kritiséiert? Wéi och ëmmer se äusfällt dierft d'Decisioun vun de Riichter international fir Diskussioune suergen.

auto_stories

2 min

Sinn den Antoine Deltour an de Raphaël Halet, zwee fréier Mataarbechter vu PWC, als "Whistleblower" unzegesinn, déi am Interessi vun der Allgemengheet gehandelt hunn? Oder sinn déi zwee einfach nëmmen Déif? Dat ass déi kruzial Fro, déi d'Riichter mussen tranchéieren. D'Verdeedegung huet am Prozess (26. Abrëll-11. Mee) de Fräisproch fir hir Cliente gefrot.

De franséische Journalist Edouard Perrin hat déi vertraulech Informatiounen, déi seng béid Landsleit eraus geschleist haten, publizéiert: honnerte vu sougenannten "Tax rulings" a Steiererklärunge vu grousse Konzerner. Déi meescht vun dësen Dokumenter haten am November 2014 weltwäit ënnert dem Numm "Luxleaks" ee politescht Äerdbiewe provozéiert.

Och hien hätt nëmme seng Aarbecht gemaach a misst deemno vum Geriicht fräigesprach ginn, sou dem Perrin seng Affekoten. Fir de Journalist huet de Parquet sengersäits eng Geldstrof gefuerdert, a virun allem 18 Méint Prisong - eventuell mat integralem Sursis - fir den Deltour an den Halet.

Wat geschitt am Fall vun enger Veruerteelung?

Sollten d'Riichter déi Ugeklote veruerteelen, da kann ee sech op weltwäit Kritiken astellen. Op Lëtzebuerg gouf jo alleng doduerch scho mam Fanger gewisen, datt et iwwerhaapt zu deem Prozess komm war. Wéinst deem fir Konzerner extrem avantagéise Steiersystem, deen de Grand-Duché op Käschte vun anere Staaten opgebaut huet, konnt d'Land international net mat Géigeléift rechnen.

Mat enger Condamnatioun wier d'Saach allerdéngs net ofgeschloss. Déi nächst Etapp wier da sécherlech de Stroosbuerger Mënscherechtsgeriichtshaff, sou wéi d'Verdeedegung dat schonn an Aussiicht gestallt huet.

Wat geschitt am Fall vun engem Fräisproch?

Ee Fräisproch géif e wichtege Präzedenzfall schafen, wat de Schutz vu "lanceurs d'alerte" (oder "Whistleblower") betrëfft. Déi Lëtzebuerger Justiz kéint sech allerdéngs dem Virworf aussetzen, bei hirer Decisioun nom Image vum Land gekuckt ze hunn. Bei Entreprisen, déi vill Wäert op Vertraulechkeet leeën, kéint Lëtzebuerg als net méi sou séchert Land eriwwer kommen.

Keng einfach Decisioun fir ee Geriicht, dat bestrieft kéint sinn, no engem Mëttelwee ze sichen - wéi och ëmmer dee géif ausgesinn.