Radioen

On air

Notturno  |  Artaban - A2

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wichteg fir de Lëtzebuerger Spëtzesport

Sport

Wichteg fir de Lëtzebuerger Spëtzesport

Am Mee kéint den High Performance Center an der Coque seng Dieren opmaachen. Deen Datum nennt den André Hoffmann, President vum COSL a vum Luxembourg Institute fir High Performance in Sports.

auto_stories

2 min

DenAndré Hoffmann ass President vum COSL a vum nei geschafenen LIHPS

Am Ausland kéinte Sportler scho méi laang op esou Ariichtungen zeréckgräifen, et wier Zäit ginn, datt dat zu Lëtzebuerg och de Fall ass, sou den André Hoffmann. Dësen Zenter géif mat dozou bäidroen, datt Lëtzebuerg weider mat der erweiderter Weltspëtzt ka mathalen.

"An da menge mir domat déi erweidert Weltspëtzt awer trotzdeem kënnen ze halen, an da - mat Ausräisser no uewen - da vläicht eng Kéier mat deem engen oder aneren - wéi elo beim Jenny Warling - ganz vir kënne stoen."

Grouss Länner hätten eng Pyramid, also eng breet Basis vu Sportler an uewen e puer ganz gudder. Lëtzebuerg hätt éischter "Siloen, wou mir der nëmmen e puer ënnen hunn, an déi musse mir alleguer no uewe bréngen". Dofir wier esou eng Ariichtung wéi den LIHPS absolutt noutwendeg, sou den André Hoffmann.

Grouss Hoffnunge fir d'Olympesch Spiller 2020 zu Tokyo

Hien ass och optimistesch, datt de LIHPS e groussen Deel dozou wäert bäidroen, datt sech relativ vill Lëtzebuerger Sportler fir déi nächst Olympesch Spiller, 2020 zu Tokyo, wäerte qualifizéieren, obschonn d'Krittären "ëmmer méi hefteg" géife ginn.

Den High Performance Center an der Coque bitt spezifesch Installatiounen, déi just vun Héichleeschtungssportler solle genotzt kënne ginn. De President vum Olympesche Comité betount, datt et, ouni dee professionellen Encadrement, bal kee Sënn méi géif maachen, fir nach international unzetrieden.

Wat kann ee sech vun den Efforten erwaarden, am Hibléck op d'Olympesch Spiller d'nächst Joer zu Tokio? Wéi vill Lëtzebuerger fueren dohin? Dorop äntwert den André Hoffmann:

"Ech hunn emol eng Kéier gesot 15, dat ass ganz optimistesch, awer net onrealistesch."

Sportshale fir de Public a Spëtzesportler opmaachen

Wann den nationale Fussball- a Rugbystadion steet, de Vëlodrom an de Liichtathletik-Stadion ageweit sinn, wier Lëtzebuerg gutt opgestallt, wat déi grouss Infrastrukturen ubelaangt, mengt den André Hoffmann. Och méi kleng Installatioune géifen et u sech genuch ginn, si géifen awer net optimal genotzt ginn, seet de President vum nationalen Olympesche Comité.

Et géif Zäit ginn, datt d'Lycéeshalen owes fir d'Ëffentlechkeet a fir Sportsclibb accessibel gemaach ginn, sou den André Hoffmann, well "se si jo och mat Staatsgelder gebaut".