Wichtegen Dag haut fir d’Zukunft vun der Cargolux
De Verwaltungsrot décidéiert de Mëtteg iwwert de kommerzielle Volet vun der Partnerschaft mat HNCA. D’Regierung wëll jo 35 Prozent vun de Cargolux-Undeeler un de chineseschen Investisseur verkafen. Trotz ville Contestatiounen an de leschte Méint, deit haut villes op e positive Vote hin. Firwat ? Eng Analyse
De kommerzielle Volet ass nach ëmmer ëmstridden, trotzdem ginn et de Mëtteg wuel kaum genuch Stëmmen dogéint. De Conseil setzt sech aus 13 Memberen zesummen, 5 dovu si Personalvertrieder, 3 vum OGBL an 2 vum LCGB. Den OGBL stëmmt “am Prinzip dogéint”, krute mer gëscht gesot. Beim LCGB gëtt mat engem positive Vote oder mat enger Enthalung gerechent.
De Cargolux- a Luxair-President Paul Helminger hat kuerzfristeg fir de Moien nach eng Kéier d’Vertrieder vum Comité Mixte zesumme geruff, an dono d’Personalvertrieder aus dem Verwaltungsrot, fir se vun eventuelle Virdeeler vun der Partnerschaft z’iwwerzeegen.
Am leschte Verwaltungsrot, de 27. November, hu vill Administrateuren déi méiglech Transaktioun mat HNCA kritesch hannerfrot. D’satiresch Wochenzeitung De Feierkrop huet de moie geschriwwe, 5 staatlech Administrateure géifen am Léifsten dogéint stëmmen, hätten awer vun der Regierung d’Uweisung kritt, DOFIR ze stëmmen. Eisen Informatiounen no gouf et gëscht effektiv eng Réunioun tëscht der Regierung an de Vertrieder vun den Aktionären am Conseil, dat heescht Staat, Luxair, SNCI a Spuerkeess. Den Infrastrukturminister François Bausch wëll op Nofro hin awer näischt vun enger Instruktioun un d'Administrateure wëssen. D’Regierung hätt den Administrateuren awer natierlech gesot, datt se fir den Deal mat HNCA ass. D’Conclusioun ass, eiser Analyse no, datt d’Administrateuren de Mëtteg fir de kommerzielle Volet vun der Partnerschaft stëmme, well d’Regierung dat gär sou hätt.
An d’Cargolux selwer ? Déi ass, ofgesi vum Cargolux-President Paul Helminger, gréisstendeels isoléiert an net wierklech agebonnen. D’Generaldirektioun wéi de Middle Management hu sech am Oktober ganz kritesch iwwert de kommerzielle Volet vun der Partnerschaft mat HNCA geäussert. Den Direktiounsmember Henning zur Hausen krut Enn November vum Verwaltungsrot den Optrag, de Commercial Agreement mat HNCA z’ iwwerschaffen. Eisen Informatiounen no, ass sech dobäi awer haaptsächlech op déi reng legal Aspekter limitéiert ginn.
Woubäi déi legal Aspekter Froe aktuell bleiwen. Am internationale Cargo- a Logistikmilieu gëtt d’Integritéit vun enger Persoun, déi an den Deal agebonnen ass, a Fro gestallt.