Radioen

On air

Notturno  |  John Coltrane - My Favorite Things

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wie bezilt zu Lëtzebuerg wat fir eng Steieren?

Steierlandschaft

Wie bezilt zu Lëtzebuerg wat fir eng Steieren?

Wie bezilt zu Lëtzebuerg wat fir eng Steieren, a wéi vill? Virun dräi Joer hat de Wirtschafts- a Sozialrot déi éischte Kéier e Compendium zesummegestallt mat den Zuelen, déi d'Steierverwaltung zur Verfügung gestallt huet. Déi zweet aktualiséiert Editioun gouf der Press gëschter virgestallt. An dem 200 Säiten décken Dokument ass den Impakt vun der Steierreform vun 2017-18 nach mat agerechent.

auto_stories

3 min

D'Analys vum CES, dem Wirtschafts- a Sozialrot, war virun de Wahlen erwaart ginn; elo kënnt se matzen an de Koalitiounsverhandlungen. Et freet ee sech firwat. Schwéierpunktthema an der zweeter Editioun vun der Analys iwwer d'Steieren zu Lëtzebuerg ass d'Betribsbesteierung, déi haaptsächlech aus der Kierperschaftssteier an dem Impôt commercial communal besteet. Déi misst onbedéngt vun den aktuelle 26 Prozent op 21 Prozent erofgoen, fuerdert de Patronatsvertrieder Jean-Jacques Rommes.

Den CES fuerdert doriwwer eraus och eng Fusioun vun den zwou klassesche Betribssteieren, "well dat et vill méi einfach mécht fir en Taux no baussen ze presentéieren". De Jean-Jacques Rommes stellt sech een Taux unique fir dat ganzt Land vir, "an dat ass dann dat, wat d'Betriber bezuelen, an da wësse se wou se dru sinn. Et ass och einfach op déi Aart a Weis d'Land no baussen ze verkafen".

An der Analys wier ee sech tëschent Sozialpartner a Staat eens, datt déi international Kompetitivitéit bei de Steieren an Zukunft net méi op der Assiette fiscale wäert spillen, mee um Zënstaux. Wat wier da fir de Salariatsvertrieder am CES eng ënnescht Grenz beim Taux vun der Betribsbesteierung? De Marco Wagener vum LCGB an aktuelle President vum Wirtschafts- a Sozialrot äntwert esou: "Also et muss méi si wéi zéng Prozent. Méi wéi den ireschen Taux zum Beispill, mee ech soen elo net 18, ech soen net 25 oder esou."

CES-Vertrieder oneens, wéini an ob Steiertaux soll geännert ginn

Et wier awer nach net kloer, wéi op internationalem Plang d'Konkurrenz tëschent de Besteierungstauxen an Zukunft wäert spillen, esou de Marco Wagener. Et wier och nach net gewosst, wat fir en Impakt déi europäesch Direktiv iwwert Steierflucht wäert op Lëtzebuerg hunn, déi d'nächst Joer a Kraaft trëtt. Dofir sollt ee waarden, éier een de Besteierungstaux fir Betriber ännert, fënnt de Salariatsvertrieder. Dozou gouf et dann dach eng politesch Ausso vun der Pascale Toussing, der aktueller Vizepresidentin vum Wirtschafts- a Sozialrot. Als Vertriederi vum Staat, an Direktesch vun der Steierverwaltung, wollt si sech éischter an der Interpretatioun vun den Zuelen zeréckhalen.

Vum Point de vue vun der Steierverwaltung wier et awer schwiereg ze soen "dann observéiere mir mol a wann da Betriber fort ginn, da musse mir eppes maachen. Dann ass et a mengen Aen ze spéit", sou d'Pascale Toussing.

E gemeinsame Constat vun de Sozialpartner war, datt bei enger eventueller Reform vun der Grondsteier, fir d'éischt muss gekläert sinn, firwat ee se mécht, éier een se mécht, seet de Jean-Jacques Rommes. Hie wier sech net sécher "op an deene Reflexiounen, déi bis haut do gefouert ginn, e reellt Zil virgesinn ass." Deemno wéi een Zil ee sech géif setzen, misst een d'Stéier "komplett nei denken". Dee Moment géif ee vun enger "gewalteger Reform" schwätzen. "Wann een einfach de Staatsbudget wëllt fëllen, da geet et duer, datt dir d'Steier mat zéng multiplizéiert. Dann ass d'Saach an der Rei, verstitt dir?" D'Spekulatioun am Logement bremsen, kéint esou en Zil fir d'Salariat sinn.

Kritik un Etüd iwwer Tanktourismus

E Konsens tëschent Gewerkschaften, Patronat a Vertrieder vum Staat gouf et da bei der Kritik un der Etüd vum Dieter Ewringmann iwwer den Tanktourismus.

De Wirtschafts- a Sozialrot misst sech vun dëser Etüd distanzéieren, sou d'Pascale Toussing. "Mir sinn effektiv der Meenung, datt den Usaz fir dat Ganzt ze quantifizéiere vill méi wäit misst goen a vill méi nuancéiert sinn, wéi dat wat den Dokter Ewringmann hei mécht."

D'Etüd déi 2014 am Optrag vum Ëmweltministère duerchgefouert gi war a virun zwee Joer verëffentlecht gouf, hat virgerechent, datt de Käschtepunkt vum sougenannten Tanktourismus bei 3,5 Milliarde leit. 1,4 Milliard iwwer de Recetten.