Wie kämpft zu Lëtzebuerg nach fir Leit mat nidderege Revenuen?
Zanter e puer Deeg ass kloer: D'Salariat muss vun dësem Joer u manner Steiere bezuelen. An der Tripartite gouf et jo een Accord tëschent Regierung, Gewerkschaften a Patronat. An an den nächste Méint spieren d'Salariéen dat och am Portmonni. Wat net gesot gëtt, ass, datt den Accord d'sozial Schéier an dëse Krisenzäite vergréissert, an erstaunlech ass dobäi virun allem d'Verhale vun der LSAP a vun de Gewerkschaften, mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar.

Stellt Iech vir, Dir hätt 500 Milliounen Euro zur Verfügung a wéilt déi verdeelen. An da seet een Iech: "Wéinst der Kris muss ee cibléiert Mesuren huele fir deenen ze hëllefen, déi am Moment staark ënner der Präisdeierecht leiden".
Eng zweet Persoun géif bei Iech kommen a fuerderen, datt déi, déi iwwer 120.000 Euro am Joer verdéngen, net dierften eidel ausgoen, an dofir sollt een d'Steiere esou reduzéieren, datt jiddweree prozentual dat selwecht kritt. Warscheinlech géift Dir éischter denken, dee leschte wier Vertrieder vum Patronat oder vun der DP. An deen éischte vun de Gewerkschaften oder eng sozialistescher oder lénker Partei.
Mee, mir sinn am Joer 2023, a mir si viru Gemengen- a Chamberwalen (an d'nächst Joer och nach Sozialwalen), an d'Lektioun ass: D'Welt ass net méi déi, déi se mol eng Kéier war.
Feelend Fallbeispiller
Interessanterweis waren et nämlech grad d'Gewerkschaften, déi dofir gesuergt hunn, datt déi héich Léin an absolutten Zuele vill méi vun de Steierreduktioune profitéiere wéi déi niddereg. An et war eng liberal Finanzministesch, déi am Virfeld cibléiert a sozialgerecht Mesurë verlaangt hat, wärend eng LSAP gefuerdert huet, och de Barème unzepassen.
Datt déi besser Salairë vill méi vun de Steierreduktioune profitéieren, gouf natierlech no der Tripartite vu kengem ronderëm den Dësch gesot. De Finanzministère huet Fallbeispiller publizéiert déi weise sollen, wéi vill verschidde Leit vun de Steierreduktioune profitéieren.
Natierlech ass kee Beispill dobäi vun engem Stot, an deem d'Koppel zesummen 200.000 Euro d'Joer verdéngt. Et ass och kee Beispill dobäi vun engem Celibataire, dee méi wéi 120.000 Euro d'Joer verdéngt.
An de Ministère weess wisou: An absolutten Zuele maachen d'Steierreduktioune bei deene Leit nämlech vill méi aus wéi bei deenen, déi de Mindestloun verdéngen.
Dem Drock vun de Gewerkschaften noginn
Et waren aner Modeller an der Diskussioun. Och an der blo-rout-grénger Koalitioun. Mee um Enn huet een dem Drock vun de Gewerkschaften noginn. Et war déi pragmatesch Approche fir séier een Accord ze fannen, och an der Koalitioun. Well blo-rout-gréng ware sech a Steierfroe seelen eens. Dat Faass wollt ee léiwer net opmaachen, an esou ware prozentual Reduktiounen déi einfachst Léisung.
Lo ass et richteg, datt d'Steierlaascht fir d'Salariat déi lescht sechs Joer wéinst der Inflatioun geklommen ass, an eigentlech misst de Barème och automatesch un d'Inflatioun ugepasst ginn. Et ass also kee Kaddo, deen d'Salariat gemaach kritt, mee et ass just ee Retour zu de Steierniveaue vu virun e puer Joer.
Mee an dësem Fall huet de Staat nëmmen eng limitéiert Enveloppe vu 500 Milliounen Euro, an et ass gewosst, datt Leit mat nidderegem Akommes méi drënner leiden, wann d'Mëllech 30 Prozent méi deier gëtt wéi déi Räich.
Hätt d'Regierung sech scho méi seriö mat deene Froen auserneegesat, hätt si et kënne fäerdeg bréngen, deene méi nidderege Revenuen nach méi ze hëllefen, ouni datt déi héich Revenuen e Problem kritt hätten. Mee elektoral schéngen déi Kategorië vu Leit souguer fir d'Gewerkschaften a fir d'LSAP net méi interessant ze sinn.