Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Gospel Emcee - Je Te Poursuivrai

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wie soll fir d'éischt geimpft ginn?

Corona-Pandemie

Wie soll fir d'éischt geimpft ginn?

An Däitschland gëtt déi national Impfstrategie ëmmer méi konkret. Gëschter gouf e Konzept presentéiert, wei eng Beruffs- an Populatiounsgruppe bei den Impfunge solle prioriséiert ginn. Mat der Noriicht vun engem méigleche Vaccin wiisst d'Hoffnung, datt een dëse Plang elo schnell kann ëmsetzen, mee nach bléiwe vill Froen oppe, mengt eisen Däitschland-Korrespondent Max Tholl.

auto_stories

2 min

Den däitsche Gesondheetsminister Jens Spahn ass houfreg, datt a Form vum Mainzer Pharmakonzern Biontech een däitsche Betrib un engem méigleche Coronavirus-Vaccin bedeelegt ass. Gëschter koum jo d'Noriicht, datt ee Mëttel vun Biontech a Pfizer 90 Prozent Schutz virum Virus soll bidde.

Optimistesch dierft een elo scho sinn, mee et misst een och virsiichteg sinn, sou de Jens Spahn gëschter op enger Pressekonferenz, et kéint nach ëmmer e Réckschlag ginn, mee et kéint awer och op eemol ganz séier goen.

Et misst ee sech awer elo schonn gutt positionéieren an de Virdeel ausnotzen, datt eben eng däitsch Entreprise um Vaccin bedeelegt ass, sot de Jens Spahn am ZDF heute journal:

"Es gibt einen Vorvertrag, aber ja, ich möchte es auch schneller haben. Ich möchte vor allem auch, dass wir jetzt in den nächsten Tagen zu einem Abschluss kommen als Europäische Union. Ich könnte es als deutscher Gesundheitsminister auf jeden Fall schwer erklären, wenn in anderen Regionen der Welt ein in Deutschland produzierter Impfstoff schneller verimpft würde, als in Deutschland selbst."

Eng national Imfstrategie

Der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen no wier een a Verhandlunge fir an enger éischter Phas 300 Milliounen Vaccine ze kréien. Egal wéi ass awer kloer, datt et am Ufank net genuch Impfstoff wäert ginn, fir direkt all Mënsch ze impfen.

Dofir huet déi däitsch Bundesregierung eng national Impfstrategie entwéckelt, déi och festleet, wie bei den Impfungen prioriséiert soll ginn. Gëschter gouf e Plang heizou presentéiert a wéineg iwwerraschend stinn eeler Léit an aner Risikogruppen, sou wéi d'Personal aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur uewen op der Lëscht.

Doniewent sollen awer och d'Personal aus de Schoulen, Crèchen oder der Police prioriséiert ginn. Um Enn misst och de gesellschaftlechen Notzen consideréiert gnin, heescht et am Text.

Et bleiwen oppe Froen

De Jens Spahn mengt, datt bal 40 Prozent vun der Populatioun als Risikogrupp kéint gezielt ginn, wat déi konkret Verdeelungsfroen net méi einfach mécht. Dem Gesondheetsminister no misst een hei sur place an och pragmatesch entscheeden, wien da vun den Prioriséierten als alleréischt geimpft gëtt.

Och sollen d'Impfungen Medieberichter no zentral an digital erfaasst ginn, fir den Iwwerbléck ze behalen. Fir d'Vaccinatioun sollen elo 60 Impfzentren am Land organiséiert ginn, mee nach bléiwen hei vill logistesch Erausfuerderungen ze meeschteren - zum Beispill, wei een den Enkpass beim medezinesche Personal oder den komplizéierten Transport a Stockage vum Vaccin soll léisen.