Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wielen dierfen, sollen, mussen?

100 Joer allgemengt Wahlrecht

Wielen dierfen, sollen, mussen?

D'Lëtzebuerger allgemengt Wahlrecht feiert 100 Joer: den 28. September 1919 huet et, beim Referendum iwwer d'Monarchie an déi zukünfteg wirtschaftlech Ausriichtung vum Land, eng éischte Kéier gespillt. Et hätt ee sech fir dee Centenaire bal kee bessere Moment kënne virstellen: e fält an eng Zäit, an där sech um politeschen Plang vill Gedanken iwwer eist Wahlrecht an de Wahlsystem gemaach ginn.

auto_stories

4 min

Geschicht an Aktualitéit si sech och an der Emissioun Riicht eraus vum 22. September begéint, déi e Bou tëscht der Entstehung vum allgemenge Wahlrecht an den Erausfuerderungen, déi sech eisem Wahlsystem haut stellen, geschloen huet.

D'Wahlrecht fir jiddwereen

De Suffrage universel gouf de 15. Mee 1919 an d'Lëtzebuerger Verfassung ageschriwwen. D'Fuerderung no deem allgemenge Wahlrecht war schonn 1848 opkomm. Vun den 1890er Joren u gouf se mat ëmmer ëmmer méi Nodrock gestallt. D'Diskussioun wier "parallel geféiert ginn mat der Entwécklung vun der Aarbechterbeweegung an och vun der Pressefräiheet", sou de Journalist Romain Hilgert, deen drop hiweist, datt dat am Ausland net anescht war.

Och déi kathoulesch Kierch an d'Partei, déi hir no stoung, hu sech vun engem gewësse Moment u fir en allgemengt Wahlrecht, net just fir Männer, mee och fir Frae staark gemaach. Dat kléngt iwwerraschend. Eng Erklärung, déi een ëmmer erëm héiert, seet, dat hätt eppes mam presuméierte Wahlverhale vu Fraen ze di gehat: Et gouf ënnerstallt, si wiere méi liicht (vun der Kierch) ze beaflossen, a géifen tendenziell méi konservativ wielen. Déi Theorie ass wäit verbreet, kléngt och plausibel, wier awer "net wierklech ze beleeën", wéi d'Historikerin Renée Wagener zougëtt: "Dat wier emol eng Recherche wäert!"

"Wiele, wat mir sinn"

Bei Geleeënheet vum 100. Anniversaire vum allgemenge Wahlrecht ass am Musée um Fëschmaart eng Ausstellung zum Thema ze gesinn. Si steet ënner der Iwwerschrëft "Wiele wat mir sinn". Een Zil vun der Expo wier et d'Leit dozou ze bréngen, d'Wahlrecht "nees méi als e Recht wéi als eng lästeg Flicht ze gesinn", seet de Régis Moes, ee vun den Ausstellungs-Commissairen.

Sinn d'Leit sech net méi bewosst genuch, datt d'Wahlrecht am Fong e Cadeau ass? Déi Fro wier "schwéier ze beäntweren", fënnt déi laangjäreg DP-Politikerin an -Deputéiert Colette Flesch. Et géif ee jo net an d'Käpp vun de Leit era gesinn. De Romain Hilgert wiert sech energesch dogéint, d'Wahlrecht als e Cadeau ze bezeechnen: "Ech hunn nach ni fonnt, datt et iergend e Recht gëtt, wat e Cadeau ass. Normalerweis kritt ee kee Recht, mee et hëlt ee sech et." Haut wier d'Wahlrecht "eng Selbstverständlechkeet. Wéi iwwerall an Europa", sou de Land-Journalist.

Wahlrecht oder Wahlflicht?

Zu Lëtzebuerg ass d'Wahlrecht mat der Wahlflicht verknäppt - eng Obligatioun, déi et soss bal néierens gëtt. D'Iddi dohannert wier eng Virstellung vun Demokratie gewiescht "mat där haut vläicht net méi jiddwereen averstanen ass - fir ze soen: et muss ee sech bedeelegen", erkläert d'Historikerin Renée Wagener.

De Romain Hilgert mengt, datt bei der Aféierung vun der Wahlflicht nach eng aner Motivatioun matgespillt hätt. Et hätt een d'Wahlen wëlle konservativ beaflossen - mat dëser Iwwerleeung: "Da mussen och déi wiele goen, deenen et egal ass. Während déi, déi souwisou eng grouss politesch Virstellung hunn, déi eppes radikal wëllen änneren, déi gi souwisou. Soss wieren déi an der Majoritéit."

Den aktuelle Wahlsystem mat all senge Facetten

Mam Wahlrecht ass 1919 och den aktuelle Lëtzebuerger Wahlsystem ageféiert ginn, dee bis haut a senge wesentleche Bestanddeeler identesch bliwwen ass. D'Opdeelung vum Land a véier Wahlbezierker ass ee Kär-Element dovun. Ob déi regional Representatioun haut nach néideg ass, doriwwer ginn d'Meenungen auserneen. D'Colette Flesch ass der Meenung, datt et wichteg ass ze garantéieren, datt och d'Leit aus dem Norden an dem Osten nach Vertrieder an der Chamber hunn, an net nieft deenen zwee grousse Wahlbezierker ausgeschloss bleiwen.

Fir de Romain Hilgert sinn d'Bezierker dogéint näischt anescht wéi eng "geographesch Quot". Hie stellt d'Fro, firwat déi Quot méi eng grouss Akzeptanz huet wéi zum Beispill eng Geschlechter- oder eng soziologesch Quot, iwwer déi een och nodenke kéint.

Iwwer en anere wichtege Bestanddeel vun eisem Wahlsystem, de Panachage, mengt de Journalist, datt en net ofzeschafen ass: "Ech mengen, d'Leit halen dat fir en Acquis, dass si kënne wiele wie si wëllen." All Versuch fir de Panachage anzegrenzen géifen d'Wieler als eng Aschränkung vun hirem Wahlrecht interpretéieren.