Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wien A seet, kann och roueg B soen"

Cannabisplantatioun

"Wien A seet, kann och roueg B soen"

Laut Gesetz ginn et am Moment dräi Uwendungen, fir déi medezinesche Cannabis zu Lëtzebuerg erlaabt ass: als Mëttel géint chronesch Péng; bei Multipler Skleros an iwwerhaapt Spasticitéit; a bei Kriibspatienten, als Appetit-Ureeger. Nach am Laf vun dësem Joer soll elo e legale Kader ausgeschafft ginn, fir e staatlech kontrolléierten Ubau vun deem Cannabis fir medezinesch Zwecker och bei eis méiglech ze maachen. Dat huet d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert dës Woch op enger Rees a Portugal ugekënnegt, am Laf vun där si sech och eng Cannabis-Produktiouns-Anlag ukucke war.

auto_stories

3 min

Vu bausse gesäit et aus wéi eng ganz normal Produktiounshal, wéi ee se aus den Aktivitéitszonen doruechter kennt. Just eppes mécht e bësse stutzeg: dee pickegen Drot iwwer der Clôture ronderëm dat ganzt Areal. De Produit, deen hei... net fabrizéiert gëtt, mee ganz vum selwe wiisst, ass eben e bësse speziell. Cannabis: fir medezinesch Zwecker onproblematesch an erlaabt; mee well et och manner legal Uwendunge vun där Planz an hire Bléie gëtt, ass de Produktiounssite extra gutt ofgeséchert.

Well Tilray - sou heescht d'Firma - konzentréiert sech eleng op d'Produktioun vun deem medezineschem Cannabis, eppes anescht wär och net erlaabt. Dräi Joer ass déi kanadesch Entreprise elo hei, um hallwe Wee tëscht Lissabon a Porto. Wéinst der Sonn, erkläert d'Donna Houssin. Si ass d'Chef-Gäertnerin wann een esou wëll. Dat wat hei geschitt, ass Gaardebau. Industrielle Gaardebau zwar, mee trotzdeem Gaardebau.

Häerzstéck vum Site ass eng enorm 44.000 Meter carré grouss Hi-Tech-Zär, wou de Cannabis erugezillt gëtt - ënner extreem strengen hygieenesche Bedingungen a mat grad esou héije qualitative Standarden. Well dat wat hei entsteet muss absolut intakt sinn. Mir schwätze vun engem Medikament.

Wuer gëtt zum gréissten Deel exportéiert

Bis zu 20 Tonne kënnen an den aktuelle Installatioune produzéiert ginn, an et ass nach Plaz do, fir déi Capacitéit ze verduebelen. An d'Wuer - déi gedréchent Bléien oder den Ueleg, deen doraus gezu gëtt - geet zum gréissten Deel an den Export.

"Mir exportéieren a vill verschidde Regiounen", erkläert d'Donna Houssin, an zielt dann op: Australien, Neiséiland, Israel. Mee och d'Europäesch Unioun, an do haaptsächlech Däitschland, Irland - a Lëtzebuerg.

Cannabis-Bléi an enger Plantatioun a Portugal. Foto: Maurice Molitor

Zënter September zejoert keeft de Lëtzebuerger Staat - well et ass de Staat, deen do aktiv gëtt - de medezinesche Cannabis, dee bei eis gebraucht gëtt, nämlech bei Tilray. Et ass awer net ausgeschloss, dass Lëtzebuerg sech enges Daags eng eege Produktiouns-Anlag zouleet. Dat kéint Sënn maachen, mengt den nationalen Droge-Coordinateur Alain Origer:

"Den Haapt-Avantage wann een dat mécht ass, datt een eng national Autonomie huet, datt een net ofhängeg ass vun engem anere Marché, well effektiv an der Vergaangenheet och alt emol Enkpäss do waren. A fir dat dann och auszebauen fir der Demande kënne gerecht ze ginn. Well et ass eppes wat natierlech en Invest freet, mee à long terme sech héchstwarscheinlech wäert amortiséieren."

Garantéiert esouguer, wann enges Daags och de rekreative Cannabis sollt legaliséiert ginn (op där Front deet sech jo och eppes). An dee kéint dann an där selwechter Produktiounsanlag hiergestallt gi wéi dee medezineschen. Do si mer nach net, mee fir d'Gesondheetsministesch ass dat awer duerchaus eng Optioun:

"Dat ass op alle Fall net ausgeschloss. Genau wéi de medezinesche Cannabis gesinn ech net an, firwat Lëtzebuerg net och sollt, wann een dee Schrëtt geet, eng Produktioun sollt méiglech maachen. Dat gehéiert u sech dozou wann ee koherent ass. Wann een A seet kann ee mengen ech roueg B soen. Dat wichtegt ass wéi een dat encadréiert. A wat nach méi wichteg ass, datt et sech an e Gesamtkonzept aschreift."

Et wär natierlech net d'Zil, d'Leit zum Cannabis-Konsum quasi opzefuerderen. Mee et géif drëms goen, se vum Schwaarzmaart ewech ze kréien, a vun de Produiten do, déi noweislech ëmmer méi schlecht ass, gesondheetsschiedlech géife ginn, esou d'Paulette Lenert.