Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Future Utopia - Interplanetary Signs

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wien ass responsabel um Fluchhafen?

Aviatioun

Wien ass responsabel um Fluchhafen?

Lux-Airport soll responsabel gi fir de Gesamtfluchhafen. Mä d'operationell Sécherheet soll bei der ANA, a staatlecher Hand, bleiwen, seet de François Bausch. Ass dat dem europäesche Recht no méiglech? Bis Enn der Woch rechent den Infrastruktur- an Nohaltegkeetsminister mat engem Accord.Trotz der Streikdrohung vum OGBL-Gewerkschaftssekretär Hubert Hollerich.

auto_stories

4 min

Den den Infrastruktur- an Nohaltegkeetsminister, François Bausch

Un de Verhandlungen iwwert d'Responsabilitéit fir de Gesamtfluchhafen sinn, ënnert Mediatioun, bedeelegt:

  • den Nohaltegkeets- an Infrastrukturministère
  • déi staatlech Fluchhafeverwaltung, Administration de la navigation aérienne (ANA)
  • Gewerkschaftsvertrieder

Ee Responsabele fir de Gesamtfluchhafen

Lux-Airport soll den "Airport Operator" ginn, dat heescht, de Responsabele fir de Gesamtfluchhafen. Der europäescher Kontrollinstanz EASA (European Aviation Safety Agency) an den europäesche Reglementer no kéint et just ee ginn, dee fir de gesamte Fluchhafe misst riicht stoen, erkläert den Infrastruktur- an Nohaltegkeetsminister François Bausch. An der europäescher Gesetzgebung géing awer dra stoen, datt de Fluchhafebedreiwer verschidde Funktiounen delegéiere kann. Och un en ëffentlechen Acteur.

An dësem Fall géif déi staatlech Fluchhafeverwaltung ANA fir de ganzen operationellen Deel vun der Fluchsécherheet op der Pist zoustänneg ginn. Zënter véier Méint géing elo doriwwer verhandelt ginn, wéi een dat juristesch kéint festhalen, seet de Minister. Eng Co-Exploitatioun wär iwwerhaapt keen Thema méi an de Verhandlungen.

Verschidde Standpunkten

Dem François Bausch no wär och de Lëtzebuerger Regulateur (DAC - Direction de l'aviation civile) der Meenung, datt lux-Airport de ganzen Deel vun der Aarbecht, déi d'ANA haut als Verwaltung mécht, och an Zukunft an Eegeregie ka maachen. D'ANA soll och an Zukunft autonom an ënnert eegener Responsabilitéit kënne schaffen, seet de François Bausch. Aktuell géing fir de Kontrakt tëscht lux-Airport an der ANA un enger Formulatioun geschafft ginn, déi vun der DAC a vun der EASA acceptéiert gëtt.

Géintiwwer dem radio 100,7 hat den Direkter vun der DAC, de Pierre Jaeger, gesot:

"Dispositiounen, datt et zum Beispill zwee Operateure kéinte ginn, oder datt d'Responsabilitéiten delegéiert ginn, dat gesäit déi europäesch Reglementatioun net vir. An deem Sënn musse Changementer am Accord fonnt ginn - op dat "quant au fond" oder "quant à la forme" ass. Mä si musse konform sinn zur europäescher Reglementatioun".

Reaktioun Pierre Jaegerplay_arrow

Streik um Fluchhafen?

Doropshin hat den OGBL-Gewerkschaftssekretär Hubert Hollerich mat engem Streik um Fluchhafe gedreet.

"Wann eng Co-Exploitatioun net méiglech ass, da kënne mir de Lëtzebuerger Modell begruewen. Well dat ass een Accord, deen ausgehandelt gouf a wou all Säiten domadder hätte kënne liewen. Wann awer elo een Acteur mengt, hie kéint de Lëtzebuerger Modell an Accorden op deem Punkt einfach ignoréieren, a sech net dofir asetzen, datt dat ëmgesat gëtt, da bleift op jidder Fall eis Streikdrohung bestoen. A méi wéi jee."

De Gewerkschaftssekretär Hubert Hollerich war net bei de Sëtzungen dobäi, seet de Minister. An hien hätt den Text net richteg gekuckt. Vun enger Co-Exploitatioun géing zënter véier Méint net méi geschwat ginn, well dat um europäesche Plang net méiglech wier. Mat de Gewerkschaftsvertrieder, déi am Aarbechtsgrupp dobäi gewiescht wieren, hätt ee gutt zesumme geschafft.

Sécherheet weider a staatlecher Hand

"Mir ass et wichteg, datt d'Fluchsécherheet op der Pist an den Hänn vun der ANA, als staatlech Verwaltung, bleift", seet de François Bausch. Mat der Belsch wier Lëtzebuerg dat eenzegt Land an der EU, wou den operationellen Deel vun der Fluchsécherung nach staatlech ass. An dozou géing hie stoen, seet de Minister.

"An der Gesetzgebung ass et awer méiglech, dat steet ganz kloer dran, datt de Fluchhafebedreiwer ka verschidde Funktiounen eraus delegéieren. Dat heescht, un een aneren ofginn."

De François Bausch geet dovun aus, datt ee bis Enn der Woch zu engem Accord tëscht Ministère, lux-Airport der ANA an de Gewerkschafte kéim.

"Fir mech ass Liberaliséierung keen Allheelmëttel". D'Sécherheet op de Piste wier besser an enger ëffentlecher Hand, esou den Infrastruktur- an Nohaltegkeetsminister. D'Sécherheet dierft net no kommerzielle Kritäre funktionéieren. Effizienz misst awer och matspillen.

EU-Reegelen

Den EU-Reegelen no muss e Fluchhafen als Gesamtfluchhafe kommerziell funktionéieren a kann net staatlech subventionéiert ginn. De Volet vun der Fluchsécherheet gëtt awer aus der Gesetzgebung ausgeklamert. Deen Deel kann och an Zukunft staatlech subventionéiert ginn, seet de Minister. Hie ka sech kee Streik am Dossier virstellen.

Säin Zil wier eng Verwaltung aus engem Goss, seet de François Bausch. Déi intern Rivalitéite bei der ANA missten ophalen an d'Leit sollten zesummeschaffen. "Dat muss eng Equipe ginn."