Radioen

On air

Tockcity  |  The Libertines - Oh Shit

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wieren eis gutt géint Low-Cost"

Aviatioun

"Wieren eis gutt géint Low-Cost"

D'LuxairGroup huet e Benefice vu 4,4 Milliounen Euro am leschte Joer ze verzeechnen. Beim operative Geschäft steet awer en Defizit vun enger knapper Millioun. Bei der Presentatioun vun hirem Joresrapport huet d'Luxair-Spëtzt nieft der bëlleger Konkurrenz nach verschidde Grënn genannt.

auto_stories

3 min

Déi terroristesch Attacken an Europa, mä och an Nordafrika wieren net gutt fir d'Geschäft gewiescht, sou den Adrien Ney. "Déi lescht zwee, dräi Joer goufen et eng ganz Réi u geopolitesche Schwieregkeeten", seet de CEO vu LuxairGroup, "zum Beispill déi politesch Onsécherheeten an der Tierkei.

Besonnesch Luxair Tours, ee vun de véier Standbeen vum Grupp, wier haart vun der Situatioun getraff ginn. "D'Tierkei an Tunesien sinn eis bal ganz ewechgebrach an de leschte Joren." Et misst een zefridde sinn, datt den Organisateur vu Vakanzen iwwerhaapt positiv Zuele geschriwwen hätt. "Mir konnte souguer méi Passagéier generéieren. Am grousse Ganzen hätte mir eis besser finanziell Resultater gewënscht, mä mir sinn awer zefridden."

Croissance bei Passagéier

Zënter 2016 flitt RyanAir, déi gréisste Bëllegfluchgesellschaft op der Welt, och vum Findel fort. Trotzdeem konnt déi lëtzebuergesch Airline ee Prozent bei der totaler Passagéierzuel bäileeën. "A mir hunn d'Linn Lëtzebuerg-Frankfurt verluer", erkläert den Adrien Ney, "wann een déi Zuele erausrechent, dann hu mer zéng Prozent méi Cliente wéi am leschte Joer."

Trotzdeem gräifen d'Bëlleg-Airlines an de Marché vun der Luxair an. "Dat huet schonn 2012 mat Easyjet ugefaangen. Mä mir wieren eis. Mir hu Frequenzen erhéicht a fueren eng aner Präispolitik." Et wier ee sech der Gefor bewosst, mä et misst ee sech der Realitéit upassen. "An déi ass, datt déi bëlleg Konkurrenz wäert wuessen. Mir sinn net low-cost a mir kënnen dat och net ginn." D'Luxair hätt weder e bëllege Produit, nach déi néideg Maintenance-Méiglechkeeten, sou de CEO a President vu LuxairGroup.

Nei Infrastrukturen

Et kéint een awer zouversiichtlech an d'Zukunft kucken, sou den Adrien Ney. "An den éischte fënnef Méint vun dësem Joer hu mer am Verglach zu 2016 nees bäigeluecht." Am Hierscht soll um Findel den Terminal B opgoen, fir déi gréisser Zuel u Passagéier z'encadréieren. "Ech vertrauen de Kollege vu LuxAirport, datt mir mat den neie Kapassitéiten déi nächst dräi, véier, fënnef Joer kënnen ofdecken."

Et ass och en neien Hangar fir d'Fligere geplangt, deen Enn 2019 soll fäerdeg gestallt ginn. "Deen ass spezifesch un eis Besoinen adaptéiert an ass méi praktesch, wéi eisen aktuellen Hangar." Dëst wier och schonn eng Preparatioun op déi nei Flott u Fligeren, déi d'Luxair an noer Zukunft wëll kafen. Et hätt ee sech iwwerdeems nach net fir e Modell decidéiert: "Eis Favoritte sinn entweder eréischt kuerz a Betrib oder fléien nach guer net. Mir kafen eréischt, wa mir een, zwee Joer gekuckt hunn, wou d'Fligeren dru sinn a wou Problemer sinn." LuxairGroup huet 200 Milliounen Euro fir d'Erneierung vun der Flott ageplangt.


Den Adrien Ney am Gespréich mam Matthias Kirsch:

Adrien Neyplay_arrow