Wirtschaftlech Interesse viru Mënscherechter?

Jean Asselborn avec le  président de la République arabe d'Égypte, Abdel Fattah al-SissiDe Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn
am ägyptesche President Abdel Fattah al-Sissi am Februar 2015 – © MAEE


rotz massive Bedenke vu Mënscherechtsorganisatiounen huet de Lëtzebuerger Ausseminister, Jean Asselborn, seng Kritik um ägyptesche Militärregime no a no ofgeschwächt. Déi Analyse deelt, op Nofro hinn, och de fréiere President vun Amnesty International Lëtzebuerg, Frank Wies.

Nieft realpoliteschen Iwwerleeunge kéinte Wirtschaftsinteressen eng Roll gespillt hunn. De Lëtzebuerger Konzern Jan de Nul war un der Erweiderung vum Suez-Kanal, déi Ugangs des Mounts ofgeschloss gouf, bedeelegt.

Am Fall vun europäesche Sanktioune géint Ägypten hätt Jan de Nul de Suez-Projet net kéinten exekutéieren, seet den David Lutty, General Manager vu Jan de Nul Lëtzebuerg am 100,7-Interview.

Am Verwaltungsrot vum Jan de Nul Group sëtzt iwwregens zënter Juni d’lescht Joer och de Jeannot Krecké. De fréiere LSAP-Wirtschaftsminister huet a senger Regierungszäit dozou bäigedroen, de Lëtzebuerger Pavillon maritime bedeitend auszebauen.

Lauschtert de Bäitrag vum Michel Delage:


Den Ausseministère huet op Nofro hi geäntwert, datt d’Interête vu Jan de Nul d’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung géintiwwer Ägypten net beaflosst hätten. D’Regierung hätt hir Positioun um Fong och net geännert.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen