Radioen

On air

Kultur um 5  |  Fun! Mam OCL

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zukunftsfong: Investissementer a Streebommen?

Wirtschaftschronik

Zukunftsfong: Investissementer a Streebommen?

Den Zukunftsfong, deen den nächste Generatiounen zegutt soll kommen, géif indirekt Entreprisen ënnerstëtzen, déi zum Beispill a Streebommen investéieren, behaapten Déi Lénk. De Finanzministère muss den Zukunftsfong reforméieren. An am Fongeland Lëtzebuerg muss sech getraut ginn, déi staatlech Investitiounspolitik a Fro ze stellen.

auto_stories

3 min

Esou wéi et beim Lëtzebuergesche Pensiounsfong de Fall war, soll och de staatlechen Zukunftsfong, Fonds souverain intergénérationnel du Luxembourg (FSIL), an Entreprisen investéieren, déi Streebomme produzéieren, géint Menschrechter verstoussen a grouss Schied un der Ëmwelt ausléisen. Dat behaapten Déi Lénk op Basis vun Recherchen. Op mannst 25 Entreprisen, an déi den Zukunftsfong investéiert, wieren op der schwaarzer Lescht vum Pensiounsfong. Si géifen deemno géint international Konventioune verstoussen. Zum Beispill, d’Konventioun vun Oslo, déi net nëmmen den Asaz an d'Produktioun, mee och all méiglech Ënnerstëtzung vu Streemunitioun verbitt.

Den Zukunftsfong investéiert zwar net direkt an Entreprisen, mee mécht dat iwwer Fonge vu private Finanzinstituter. An awer gëtt et schwéier fir de Finanzministère, sech aus der Verantwortung ze zéien. Datt de Staat wéinst dem Tëschenhändler aus dem Schneider ass, wier nämlech eng wackeleg juristesch Argumentatioun.Anescht ewéi beim Pensiounsfong, investéiert de Staat beim Zukunftsfong och net iwwer en Etablissement publique, mee direkt. D’Konventioun vun Oslo kéint dem Finanzministère deemno un d'Broscht gehale ginn.

Politesch ass kloer: Wann sech d’Zweiwel confirméieren, dann ass de Finanzministère responsabel. Wann et no der Analyse vum Joresbericht vum Zukunftsfong méiglech ass erauszefannen, wou d'Fongen, an déi de Staat investéiert, hir Suen uleeën, da wousst de Finanzministère sécher och, bei wéinegen Entreprisen de Ministère seng Sue leien huet. Et wier irresponsabel, wann de Ministère net doriwwer Bescheed gewosst hätt.

Wann de Pierre Gramegna déi dubiéis Investitioune vum Zukunftsfong an der nächster Finanzkommissioun domat erkläert, datt d'Sécherheet vun den Investitiounen nëmme garantéiert ass, wann déi méiglechst breet gestreet ginn, wéi schonns beim Pensiounsfong argumentéiert gouf, also och an Entreprisen, déi Streebomme produzéieren, da muss een sech och allgemeng Froen iwwert spekulativ Instrumenter ewéi Aktien als Zukunftsinvestitioun stellen.

Ee Rendement, deen nëmme méiglech ass wann ethesch, Ëmwelt- a mënscherechtlech Mindeststandarden a Konventioune mat Féiss getrëppelt ginn, passt och am Fongeland Lëtzebuerg net méi zum Zäitgeescht. D’Hypokrisie vum grénge Priedegen a schwaarzen Investéiere keeft d'Gesellschaft engem net méi of. Eng Aktien-Iinvestitioun ass kee passiven Akt, mee eng aktiv a politesch Decisioun. Dofir huet d'Regierung schonns beim Pensiounsfong agelenkt. Dat muss elo och nees geschéien.

Den Zukunftsfong sollt, wéi e gegrënnt gouf, eng Investitiounspolitik bedreiwen, déi “virsiichteg” a “sozial responsabel” ass. Mam Zil, d’Rendementen am Sënn vun alle Generatiounen anzesetzen. Ob a wéi dat Verspriechen nieft den ethesche Bedenke iwwerhaapt méiglech ass, ass bis haut kengem esou richteg kloer. No zwee Joer sinn eng 135 Milliounen Euro am Fong. De Rendement louch d’läscht Joer bei 1,75 Prozent.

Ass dat de Risque an eis Wäerter wäert? A misst den Handel mat Aktië vun dubiéisen Entreprisen a Länner, déi deementspriechend Konventiounen ënnerschriwwen hunn, net einfach verbuede ginn?

Bis dat gekläert ass, wäerte wuel nach vill Renditten iwwer d'Mille lafen.