Wirtschaftschronik: Dividenden aus der Défense

Aus wirtschaftleche Grënn huet d’Philosophie vun de Verdeedegungs-Ausgabe vu Lëtzebuerg changéiert. Militäresch gëtt virun allem elo do investéiert, wou et der eegener Économie zegutt kennt. Mee dat kennt ongewollt politesch Konsequenzen hunn. Eng Chronik vum Jean-Paul Hoffmann.

 

D’amerikanesch UN-Ambassadrice Samantha Powers huet virun  e puer Deeg den europäeschen NATO-Partner zolitt d’Levitte gelies. Ganz beonrouegend wär et, dass verschidden europäesch NATO-Länner géinge plangen, hir Contributioun zur Défense erofzesetzen. Dat besonnesch wou d’NATO-Memberen duerch d’Bänk souwisou wäit ewech  vun hirem Engagement sinn, zwee Prozent vum PIB fir Vereedegung auszeginn. Beonrouegt ass Washington och, well am Moment de Risiko-Assessment am geopoliteschen Ëmfeld an de roude Beräich geet.

Nom Enn vum Kale Krich war d’NATO an eng Identitéitskris geroden. Haut ass awer nees ganz evident  wien dann den Enemy ass. D’Feindbiller reeche vum soi-disant islamesche Kaliphat an ähnlechen Terroriste-Clippercher, bis hin zum Elefant am Raum, Russland mat sengem restaurativen Expansionismus.

A besonnesch Moskau beweegt d’Gemidder. De President Putin huet zu Protokoll ginn, dass hie selwer d’Annexioun vun der Krim geplangt huet. Russesch Militär-Aviatioun veriert sech zanter Méint massiv an d’Loftraim vun de skandinaveschen an baltesche Länner. A russesch Nuklearbomber gehéieren quasi zum Landschaftsbild iwwert dem englesche Kanal. Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker huet elo appeléiert, dass d’EU eng gemeinsam Arméi sollt opstellen, fir hiren Engagement fir d’Verdeedegung vun den europäesche Wäerter kloer ze man.

Elo frot Dir Iech vläicht, wat esou Considératiounen an dëser Wirtschaftschronik ze sichen hunn. Ganz einfach. Militäresch Défense huet eng wirtschaftlech Dimensioun. Déi 1.023 Milliarden Dollar, déi am Joer 2013 an d’Défense vun den NATO Staten gefloss sinn, si schmieren eng wirtschaftlech Maschinn. Dovu gi Gehälter bezuelt, Dingschtleeschtungen, Infrastruktur-Investitioune wéi Flughafe-Landepisten oder Kasären um Härebierg. Dovu gëtt Geschir kaaft, Camionen, Maschinnegewierer,  Software fir de Cyber-Krich – vum low tech bis zum high tech. Dat Geld – oder en Deel dovun – fléisst an d’Economie zréck.

Lëtzebuerg ass zanter Joren an der NATO bei deenen, déi der Kolonn hannendrun hippen, wann et em d’Finanzéierung geet. De Lëtzebuerger NATO-Bäitrag läit bei 0,4 Prozent vum PIB, dat waren ongeféier 190 Milliounen Euro am Joer 2013[1], oder ëmgerechent 336 US- Dollar pro Kapp. Dat ass ongeféier een Drëttel vun deem, wat all d’NATO-Länner am Duerchschnëtt opbréngen. Mä d’Regierung huet sech verflicht, de Lëtzebuerger Bäitrag eropzeschrauwen.

Lëtzebuerg huet am Géigesaz zu grousse Länner wéi Frankräich, Däitschland, Groussbritannien oder den USA keen eigentleche militäresch-industrielle Komplex, iwwer deen d’Verdeedegungs-Dépensen effikass an d’Économie kënnten zréck-kanaliséiert ginn. An Groussbritannien zum  Beispill ass d’Défense ee Secteur mat 160.000 Beschäftegten. Hei am Land gëtt et just e puer Betriber, déi begrenzt an Deelberäicher vun der Défense aktiv sinn.

Lëtzebuerg wëllt des Schinn trotzdem elo verstäerkt fueren. Den Investissement an e militäresche Satellit, dee vun anere Staate genotzt ka ginn, d’Findel-Landepist déi vun aneren NATO-Arméien gebraucht géif (a vun der kommerzieller Aviatioun), all dat reflektéiert eng nei Approche, fir militäresch Investissementer esou ze orientéieren, dass si virun allem der Lëtzebuerger Ekonomie notzen – an net nëmmen exklusiv de Communautéiten vun Toulouse, Sevilla, oder wou och ëmmer an Europa Deeler vu Militärfliger gebaut ginn, di spéider ënner Lëtzebuerger Fändel fléien.

Souwäit ass alles gutt an novollzéibar.  Soulaang d’geopolitescht Ëmfeld roueg ass, kann een sech driwwer freeën, dass d’Investissementer schlau gemaach ginn, an am Enn dem Lëtzebuerger Staat Dividende bréngen.

Am Nachhinein muss sech nach weisen ob den Timing fir des politesch Neiorientéierung optimal ass. Wann et international deck kriselt, da gëllen op eemol aner Critèren:  da freet sech virun allem, ob d’Contributioune fir d’kollektiv Défense héich genuch sinn – an d’Äntwert ass kloer nee –; an ob di richteg Investissementer gemaach gi fir di richteg Kapazitéiten ze schafen. Well wann et héich kennt, da wéilt een net do stoe wéi en Epicier, deen nëmmen un de Bénéfice geduecht huet, mee als en Allianzpartner, den dat richteg Geschir fir de richtegen Zweck parat hat.



[1] Laut NATO-Statistik.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen