Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wirtschaftsministère: Ëmweltministère muss elo decidéieren

Knauf Steelwollfabréck

Wirtschaftsministère: Ëmweltministère muss elo decidéieren

De Projet vun enger Steewollfabréck vun der Firma Knauf zu Suessem suergt weider fir Froen. Nodeems och d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg Bedenken iwwert dësen an aner geplangte Projeten ausgedréckt hat, huet de Wirtschaftsministère reagéiert.

auto_stories

2 min

Etienne Schneider

Am Communiqué vum Wirtschaftsministère ass et ënnert anerem d'Präeisioun: D'Firma Knauf, an net de Wirtschaftsministère, hätt Initiativ ergraff, fir zu Suessem eng nei Steewollfabréck ze bauen. Déi deementspriechend Demande wier schonn am August 2016 beim Wirtschaftsministère gemaacht ginn.

Fir déi néideg Iwwerpréiwung vum Ëmweltimpakt an duerno och d'Autorisatioun, wier awer net de Wirtschaftsministère, mä den Ëmweltministère zoustänneg. Vun November 2016 un hätt de Wirtschaftsministère d'Firma Knauf deemno un déi kompetent Administratiounen am Ëmweltministère weidergeleet, déi sech ëm d'Kommodo-Inkommodo Prozedur bekëmmeren.

Déi ëffentlech Kritik vun der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg um Projet Knauf an anere Projeten, wéi der geplangter Jughurtsfabréck zu Beetebuerg, koum awer vill méi spéit. Den 23. Januar dëst Joer an engem Interview mam Lëtzebuerger Wort, hat d'Carole Dieschbourg vill Froen opgeworf, a wéi wäit sou Projeten an eng nohalteg a Rifkin-konform Ausriichtung vun der Lëtzebuerg Wirtschafts- a Wuesstemspolitik passen.

Keng weider Reaktioun vum Ëmweltministère

De Wirtschaftsministère betount a sengem Communiqué och: All Entreprise, déi d'Konditioune géif erfëllen, wier fräi sech zu Lëtzebuerg néierzeloossen an hirer Aktivitéit nozegoen.

Weider preziséiert de Wirtschaftsministère, datt Steewoll als Isolatiounsmaterial fir déi energetesch a nohalteg Sanéierung vun alen Haiser a Gebaier subventionéiert gëtt. Dat confirméiert de Service myenergy.lu géintiwwert dem radio 100,7. D'Gemenge Suessem an Déifferdeng hate virgëschter an engem gemeinsame Pressecommuniqué behaapt, fir d'Steewoll géif et keng esou eng Subventioun ginn.

Den Ëmweltministère sot eis op Nofro hin, datt d'Ëmweltministesch net weider op de Communiqué vum Wirtschaftsministère géif reagéieren. Et géif ee sech elo op d'Autorisatiounsprozedur konzentréieren, sou e Spriecher vum Ëmweltministère.

Lauschterenplay_arrow