Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wollef am Schofsstall

Jüddesch Spoliatiounen

Wollef am Schofsstall

De Vincent Artuso interesséiert sech fir de Léon W., en Expert-Comptabel, dee während dem Krich jüddesch Geschäfter liquidéiert huet an no der Befreiung mat der Entschiedegung vun den Besëtzer beoptraagt gouf.

auto_stories

6 min

Vincent Artuso

D'Fro no de Spoliatioune vum sougenannte jüddesche Besëtz ass erëm opgetaucht, trotz joerzéngtelaangen Efforte fir se ze begruewen. Et geet hei nämlech net ëm en Tabu, mee ëm e kohärenten an duerchduechte Wëllen, dat Thema ënner dem Teppech ze kieren. Den Dossier vum Lëtzebuerger Expert-Comptable Léon W. illustréiert déi Tatsaach am beschten. En hëlleft eis och erauszefannen, wéi déif d'Collaboratioun am Kontext vun den Spolitioune war. An nach méi verstéierend: e weist, datt grad déi Leit, déi sech ëm d'Spoliatioune gekëmmert haten, nom Krich mat der Entschiedegung beoptraagt goufen.

De Léon W. war 1938 op Lëtzebuerg zeréckkomm, nodeems hien 20 Joer laang an Däitschland gelieft hat. Wéi et sech spéiderhin erausgestallt huet, hat deen Expert-Comptabel aus senger Wahlheemecht net nëmmen eng zolidd professionell Erfahrung, mee och ferm politesch Konviktioune matbruecht. An deene puer Joer virum Krich huet hie reegelméisseg Opträg vun der Regierung kritt, notamment bei der Spuerkeess oder bei Radio Lëtzebuerg.

D'Liquidatioun vum "jüddeschen" Besëtz

An den éischte Woche vun der däitscher Besatzung gouf hie vun der Verwaltungskommissioun, der de-facto Regierung vu Lëtzebuerg, zum President vum Collège des Contrôleurs ernannt. D'Missioun vun dësem Gremium war et d'Aktivitéit vun den provisoreschen Adminstrateuren ze encadréieren, déi sech ëm d'Betriber gekëmmert hunn, deenen hir Besëtzer d'Land verlooss haten.

Den Dag vun der däitscher Invasioun ware méi wéi 40.000 Lëtzebuerger a Frankräich geflücht. Am September 1940 war déi grouss Majoritéit vun deenen Evakuéierte rapatriéiert ginn, mat der notabler Ausnam vun den 2.000 Judden ënner hinnen. Zu engem Zäitpunkt, wou déi däitsch Zivilverwaltung déi éischt Moossname fir d'Ariséierung vun der Lëtzebuerger Wirtschaft imposéiert huet, war aus dem Collège des Contrôleurs also schonn an der Praxis eng Treuhand fir jüddesch Betriber ginn.

Ee Mount méi spéit gouf déi Ambiguitéit opgehuewen. De Léon W. huet sech definitiv vun der Verwaltungskommissioun ofgewannt. Zesummen mat dräi vun de sechs anere Membere vum Collège des Contrôleurs huet hien de 17. Oktober 1940 d'Reichs- und Treuhandgesellschaft gegrënnt, eng Firma, déi sech ëm d'Liquidatioun vu jüddesche Betriber gekëmmert huet a ganz enk mat der däitscher Verwaltung des jüdischen und sonstigen Vermögens collaboréiert huet.

En iwwerzeegte Lëtzebuerger Nazi

Datt den President vun der RuT en iwwerzeegten Nationalsozialist war, ka kaum bezweifelt ginn. Seng ausgepräägte reichsfrëndlech Gesënnung war scho virum Krich opgefall. No der Annexioun un Däitschland huet hie sech dann och ganz offensichtlech fir deen neien Regime engagéiert. En ass der Volksdeutsche Bewegung ganz fréi bäigetratt - vum 25. September 1940 un. Am selwechte Mount gouf hien och vum CdZ - dem däitsche Chef der Zivilverwaltung - un d'Spëtzt vum Deutscher Rechtwahrerbund in Luxemburg gesat.

An dëser Eegenschaft huet hien och seng Aarbechtskolleege fir den Nazi-Regime bespëtzelt. En Optrag, deen e ganz seriö geholl huet. Seng prodäitsch, nationalsozialistesch an antisemitesch Astellung kënnt zum Beispill an senger Bewäertung vum Jean-Joseph L. ganz däitlech zum Virschäin:

"War politisch, schriftstellerisch und rednerisch tätig, kämpfte für entgegengerichtete, radikale und kommunistische Ideen; gehörte der politisch linksliberalen Studentenvereinigung 'Assos' an und soll auch Logenbruder gewesen sein. Er soll eine führende Stelle in der im Solde der Juden Frankreichs und Englands stehenden antideutschen Liga für Menschenrechte eingenommen haben. Er wird ebenfalls als Schriftführer dieser Vereinigung bezeichnet und als solcher sich antideutsch im Dienste jener jüdischen Kriegshetzer und Plutokraten betätigt haben."

Am Déngscht vum Office des Dommages de Guerre

Wat ass no der Befreiung mat deem iwwerzeegten Lëtzebuerger Nazi passéiert, deen eng aktiv Roll an der Spoliatioun vun de Judde gespillt huet - dee sech vun 1943 un och nach ëm d'Liquidatioun vum Besëtz vun den ëmgesidelte Famille vun de Refractaire gekëmmert huet? Näischt. Oder besser gesot, hien huet weider geschafft wéi virdrun. Dat ass natierlech net ganz ouni Protest gaangen, mee anscheinend konnt de Léon W. op aflossräich Beschützer zielen.

Vum 17. Mäerz 1945 un huet d'Association professionnelle luxembourgeoise des experts comptables den Epuratiounsminister Robert Als op dem W. säi Fall opmierksam gemaach. An engem laangen an argumentéierte Bréif hu sech d'Representante vun dëser Organisatioun driwwer beschwéiert, datt den W. vum Office des Dommages de Guerre agestallt ginn war. Doropshin huet den Als dem Direkter vun dëser ëffentlecher Institutioun anscheinend ëm eng Erklärung gebiet.

Den Office des Dommages de Guerre huet dem Epuratiounsminister eréischt no engem hallwe Joer eng Äntwert geschéckt. Dee Bréif vum 3. Oktober 1945 ass e Monument vun Zweedäitegkeet, an deem den Direkter vum Office d'Grënn fir d'Astellung vum W. - mee och vu senge Kolleege vun der RuT - gläichzäiteg nennt an hannerfreet:

"Les experts de la Revisions- und Treuhandgesellschaft Luxemburg [...] se sont occupés durant l'occupation allemande de la liquidation des avoirs juifs et ont en cette qualité agi au nom et pour le compte du CdZ [...] Ils possèdent des pièces établies lors de la liquidation des dits avoirs juifs et certifient conformes les copies qu'ils délivrent actuellement à leurs clients, c.à.d. aux juifs-mêmes dont jadis ils ont liquidé les biens et qui aujourd'hui sont rapatriés. Nous nous demandons si la moralité et salubrité publique admettent que les mêmes personnes qui de 1940 à 1944 étaient aux ordres du CdZ, peuvent à partir de 1944 agir pour compte des juifs rapatriés et produire des pièces qui étaient à leur disposition à l'époque où ils étaient au service du CdZ. "

D'Enquête gëtt begruewen

Dat war ouni Zweiwel eng legitim, mee schlussendlech näischt méi wéi eng rhetoresch Fro. De W. huet seng Plaz gehalen, trotz - oder vläicht wéinst - dem Als senge Beméiungen, d'Lëtzebuerger Responsabilitéiten an de Spoliatiounen opzedecken. Den 21. Januar 1946 hat den Epuratiounsminister dem Parquet général d'Etat dem W. säin Dossier weiderginn. Zwee Méint dono huet hien dem Parquet och de Bréif vum Office des Dommages de Guerre viruginn a geschriwwen: "Il importe de se rendre compte que de l'activité des experts comptables [...] durant l'occupation ennemie est répréhensible."

Sechs Méint dono huet den Als missten insistéieren well hien nach ëmmer keng Äntwert vum Parquet am Fall W. kritt hat. Déi ass dann am Juli 1947 komm. De Parquet hat decidéiert dem Tribunal spécial de Fall W. ze iwwerdroen. D'Dossiere vun den aneren Membere vun der RuT goufen ouni Weideres klasséiert. Bal ee Joer dono, den 27. Mee 1948, gouf de Robert Als informéiert, datt d'Decisioun gefall war, d'Prozedur am Fall W. och anzestellen.

D'Enquête iwwer d'Responsabilitéite vum W. an den anere Membere vun der RuT hat viru méi wéi dräi Joer ugefaangen. Trotz den Efforte vum Epuratiounsminister gouf se awer ni richteg ugepaakt. Iergendwou war decidéiert ginn, déi Thematik déif ze begruewen. Entretemps hu sech grad déi Leit ëm d'Entschiedegung vun de Judde gekëmmert, déi eng essentiell Roll an hirer Spoliatioun gespillt haten. De Wollef souz am Schofsstall. Kee Wonner, datt d'Judden zu Lëtzebuerg ni eeschtlech indemniséiert goufen.