Radioen

On air

Espresso Beats  |  Black Pumas - Gemini Sun

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wolz - eng Gemeng mat Wuesstemspotential

Gemengewahlen

Wolz - eng Gemeng mat Wuesstemspotential

Wolz ass eng vun den äermste Gemengen am Land, huet awer vill wirtschaftlecht a soziaalt Potential. Do si sech den LSAP-Buergermeeschter Frank Arndt an den Henri Roemer vun der DP eens. Iwwert d'Prioritéiten an d'Vitesse, wéi sech d'Nordgemeng mat senge 6.700 Awunner soll entwéckelen, ginn d'Meenungen auserneen.

auto_stories

2 min

Zënter dräi Mandater huet d'LSAP eng absolut Majoritéit an der Gemeng Wolz. Fir den Henri Roemer, President vun der DP-Sektioun Wolz ass et net gutt, wann eng Partei laang Zäit d'Majoritéit huet. Dat géing zu Verschläiss féieren.

Dat gesäit den Deputé-Maire Frank Arndt aneschtes. A sengen Ae wär et eng grouss Chance, well een dann den eegene Parteiprogramm integral ëmsetze kéint. De Frank Arndt ass virun aacht Joer Buergermeeschter ginn, wéi säi Virgänger Romain Schneider Minister gouf.

Eng Strategie fir d'Zukunft?

Dem Statec no huet Wolz e Chômagetaux vun iwwer eelef Prozent bei engem mëttleren Akommes vun 2.750 Euro. Den Henri Roemer geheit dem Schäfferot vir, net genuch fir déi ekonomesch Entwécklung a fir déi sozial Mixitéit vu Wolz ze maachen.

"Et muss ee virun allem mol kucken, datt Bauland zu Wolz erschloss gëtt. Wou Famille mat méi héije Salairen, déi an der Géigend vu Wolz, oder zu Wolz selwer schaffen, kënnen hikommen", seet den Oppositiounspolitiker Henri Roemer. Dofir missten Entreprisen op Wolz kommen an déi néideg Infrastrukture misste geschaaft ginn.

De LSAP-Buergermeeschter Fränk Arndt weist déi Kritik vu sech. Am Kader vun der Revaloriséierung vun den Industriefriche wieren 2.800 nei Awunner iwwert déi nächst zéng Joer geplangt. De Fränk Arndt kënnegt de Kaf duerch d'Gemeng vun zousätzleche sechs Hektar u fir de Bau vun 120 neie Wunnunitéiten. "Do kënne mir dann en anere Wunnengsbau ubidden, wou mir hoffen en anere Mix ze kréien, fir Leit mat héije Revenuen unzezéien, esou de Buergermeeschter. Dernieft géing déi regional Industriezon Wolz-Wanseler ëm fënnef Hektar ausgebaut ginn.