Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wou bleift d'Revolutioun?

Staatsbudget 2017

Wou bleift d'Revolutioun?

Den Depot vum Staatsbudget 2017 huet virun allem nees eppes däitlech gemaach: Fir eng seriö Debatt iwwer déi grouss politesch a budgetär Linnen z'erméiglechen, brauch Lëtzebuerg fir d'alleréischt eng transparent Method, fir de Budget opzestellen, mengt de Jean-Claude Franck am Kommentar.

auto_stories

3 min

Jean-Claude Franck

Hierscht 2014: Déi ee Joer al blo-rout-gréng Koalitioun erkläert an der Chamber, datt si vun 2015 un iwwer 250 Spuer- a Steiermesuren ëmsetze wëll, fir d'Staatsfinanzen nees an de Grëff ze kréien. Trotz deem Effort sollen d'Staatsfinanzen defizitär sinn.

Zwee Joer méi spéit: Mam Depot vum Staatsbudget fir 2017 ginn am Schied vun der Opmierksamkeet nach emol d'Budgetskonte vun 2015 revidéiert. Erstaunlecherweis stelle mir fest: Déi gesamt ëffentlech Finanzen hunn am Joer 2015 ëm 930 Milliounen Euro besser ofgeschnidden, wéi zwee Joer virdru geplangt.

Realitéit a Budgetsprevisiounen net konform

Och wann dat déi Wéinegst ze stéiere schéngt, schwätze mir hei vun engem krassen Ënnerscheed tëscht Realitéit a Budgetsprevisiounen. An, fir dat direkt mat ze beäntwerten: Et ass keng Ausnam. Firwat ass dat esou? Eng einfach Erklärung wier déi vun der oppener Lëtzebuerger Ekonomie, déi méi volatil ass wéi anerer. Mee et gi méi Grënn wéi dat.

D'Isolatioun, an där de Finanzministère de Staatsbudget opstellt, ass nämlech deen anere Grond. Gouf et bis op d'mannst Ufank 2014 e Comité de prévision des finances publiques - an deem déi concernéiert Verwaltungen hir Donnéeën iwwertenee geluecht an no bescht-méiglecher Methodologie op déi kommend Joren héichgerechent hunn - esou ass d'Meenung vun deem Comité net méi gefrot. D'Inspection Générale des Finances schafft de Budget nees no hiren eegene Methoden aus, no Critèren, déi net ëmmer nozevollzéie sinn.

Net logesch

En einfacht Beispill ass d'Steierreform. Déi soll d'nächst Joer e Steierausfall vun 373 Milliounen Euro mat sech bréngen, fir sech an de Joren 2018, 2019 an 2020 bei 500 Milliounen Euro d'Joer anzependelen. Dat ass erstaunlech, well fir déi selwecht Joren eng Hausse vum Wirtschaftswuesstem a vun der Masse salariale virausgesot gëtt. Dat kléngt net logesch, et sief et hätt eng politesch a keng makro-ekonomesch Logik: An zwar déi, datt d'Regierung sech eens ginn ass, datt d'Steierreform net méi wéi 500 Milliounen Euro d'Joer ausmaache soll - an d'Zuelen dann och esou agesat ginn, wéi d'Politik sech dat wënscht.

Mir kënnen elo schonn d'Wett lancéieren, datt mir a véier Joer feststellen, datt d'Steierreform wesentlech méi ausmécht wéi 500 Milliounen. Mee bis dohin ass eng nei Legislaturperiod am Gaang. A wien interesséiert sech da scho fir d'Vergaangenheet?

Politesch PR

Am Kloertext: Mir brauchen eng Revolutioun bei der Opstellung vum Staatsbudget. Déi "kopernikanesch" Revolutioun war zwar schonn annoncéiert ginn, mee mir waarden nach ëmmer drop. Domat bleift d'Opstellung vum Staatsbudget, wéi schonn ënnert de Regierunge vu virdrun, e politesche PR-Exercice, dee keng uerdentlech Diskussioun erlaabt. Dat, well et um Enn souwisou anescht kënnt, wéi geduecht. A well een den Zuelen net traue kann.

Et ass wuel wouer, datt d'Politik um Ufank vun enger Legislaturperiod all Interêt huet fir d'Situatioun méi dramatesch duerzestellen, wéi geduecht. An zwar, fir datt si um Enn, wann et bei déi nächst Wahle kënnt, behaapte kann, si hätt d'Rudder ëmgerappt. Mee elo mol éierlech: Dat huet esou lues jiddereen duerchkuckt an en plus zerstéiert et all konstruktiv Diskussioun.


Wou bleift d'Revolutioun?play_arrow