Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wou d'Uelzecht nees duerch d'Wisen zéit

Renaturéierung

Wou d'Uelzecht nees duerch d'Wisen zéit

Bis 2030 sollen an der Europäescher Unioun 25.000 Kilometer u Flëss a Baache renaturéiert ginn. Dat ass d'Zil vum Programm Life, dee finanziell vun der Europäescher Investitiounsbank ënnerstëtzt gëtt. D'Uelzecht an d'Péitruss stinn och op där Lëscht. Zu Steesel gouf den Donneschdeg ee vun deene Renaturéierungsprojete virgestallt.

auto_stories

3 min

Zu Lëtzebuerg gi verschidde Projete mat der Hëllef vun der Europäescher Investitiounsbank realiséiert, ënnert anerem geet et ëm d'Uelzecht, wou de Floss iwwert 20 Kilometer tëscht Lëtzebuerg a Miersch soll nees méi natierlech fléissen.

Déi Kooperatioun mat der BEI ass aussergewéinlech, betount d'Finanzministerin Yuriko Backes.

"Dat heiten ass effektiv eppes extraes, well et ass déi éischte Kéier zënter méi wéi 50 Joer, datt déi Europäesch Investitiounsbank sech och un engem Projet am Kontext vum Waasser bedeelegt."

Groussen Urbaniséierungsdrock mécht Renaturéierunge schwiereg

D'Uelzecht gouf an der Zäit dacks an ee riicht kënschtlecht Flossbett verluecht, mat héijem Ufer oder souguer abetonéiert. Dëst mam Zil der Landwirtschaft méi Terrainen unzebidden, oder well eng Mille Waasser gebraucht huet fir ze funktionéieren.

Dat huet zu engem Verloscht un Biodiversitéit gefouert an och zu méi schroen Iwwerschwemmungen. Ënnert anerem zu Walfer, grad ewéi zu Steesel, wou déi éischt Phas vum Renaturéierungsplang ëmgesat gëtt.

De Bruno Alves vum Ëmweltministère

Am Fall vun Héichwaasser konnt d'Waasser net méi sou an d'Felder auswäichen, an d'Waasser ass méi séier gefloss. Déi Projeten déi tëscht Lëtzebuerg a Miersch sollen ëmgesat ginn, entstinn a ganz urbaniséierten Zonen. Bei enger Renaturéierung geet et dowéinst drëm mat de Propriétairen ze verhandelen, seet de Bruno Alves vum Ëmweltministère.

"D'Urbaniséierung an de staarken Drock ronderëm eis Gewässer ass sécherlech ee grousse Probleem oder Facteur, deen dozou féiert, datt et leider net sou séier geet, wéi mir gären hätten."

Virdeeler fir Biodiversitéit

Zu Steesel, wou d'Uelzecht wéinst den Iwwerschwemmunge vill Schued gemaach huet, hat ee schonn 2016 mam fréieren Ëmweltminister Camille Gira ee Renaturéierungsprojet an d'Weeër geleet. D'Gemeng huet och een Deel vun den Terraine kaaft, erkläert de Steeseler Buergermeeschter Fernand Marcchetti. Hien hofft och, datt de Projet geléngt an datt en de Leit aus der Gemeng wäert gefalen, fir datt mer et einfach kréie fir déi aner Terrainen och ze kafen".

Esou eng Renaturéierung huet ganz vill Virdeeler, d'Biodiversitéit beräichert sech, well Planzen um Ufer kënne wuessen, déi d'Waasser bei waarmen Temperaturen och ofkillen, seet d'Ëmweltministerin Joëlle Welfring.

"Et schafe sech duerch déi Renaturéierung och Fläche wou Waasser bleift, och wann et dréche gëtt. An doduerch, datt do och Vegetatioun entsteet, bleift dat och kill, wat immens wichteg ass fir d'Waasserorganismen, déi dann do méi laang kënnen iwwerliewen an d'Drécheperiodë kënnen iwwerbrécken."

D'Waasser fléisst och manner séier, an d'Wise bleiwe méi fiicht, wat an Zäite vun Dréchent och wichteg ass. En plus kann d'Waasser an de Buedem sickeren.