Debat mam Michel Barnier Wou sinn d'Brexit-Verhandlungen drun?

Michel Barnier Euranet Plus Summit
Michel Barnier (Foto: Europäesch Kommissioun)

Wou sinn d'Verhandlungen iwwer de Brexit drun? Mir froen no beim Chef-Négociateur vun der EU. De Michel Barnier steet Ried an Äntwert am Debat vun Euranet Plus. 13 Radioen aus dem Reseau stellen hir Froen, aus verschiddenen europäesche Perspektiven. De radio 100,7 ass och dobäi.

Méi zum Thema

Two Female Accountants Counting On Calculator
EU-Budget

D'EU huet een eegene Budget vu ronn 150 Milliarden Euro d'Joer. Wa Groussbritannien aus der EU erausgeet, gëtt et ee Lach. Wou kann an Zukunft gespuert ginn?

Merkel an Hollande
EU-Sommet

Den EU-Sommet iwwert de Brexit e Samschdeg war séier eriwwer. Domat wollten déi 27 EU-Memberstaaten Unitéit weisen. Bleift déi Eenheet och iwwer de ganze Prozess vun de Verhandlunge bestoen?

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen