Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Bodega - Jack In Titanic

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wou sollen d'Suen hierkommen?

Koalitiounsgespréicher an Däitschland

Wou sollen d'Suen hierkommen?

Zu Berlin koumen den Donneschdeg d'SPD, d'FDP an déi Gréng fir eng éischt Ronn Koalitiounsgespréicher zesummen. Op eppes konnt sech den Trio eenegen. Eng nei Regierung soll sou séier wéi méiglech stoen. Bei de Finanzéierungspläng vun den envisagéierten Investitioune bléiwen awer nach vill Froen onbeäntwert.

auto_stories

2 min

Esou stiermesch wéi virun der Dier sollt et den Donneschdeg um Berliner Messegelände net zougoen. Bei der éischter Ronn u Koalitiounsverhandlunge waren allen dräi Säiten nees beméit, déi gutt Zesummenaarbecht ze ënnersträichen. Dofir wier et och gelongen, en ambitiéise Plang opzestellen, sou den FDP-Generalsekretär Volker Wissing op der Pressekonferenz.

Nächste Mëttwoch sollen 22 Aarbechtsgruppen lassleeen a bis den 10. November Positiounspabeieren zu den eenzele Beräicher virleeën. E Koalitiounsvertrag soll bis Enn November stoen, sou datt den nächste Bundeskanzler an der Woch vum 6. Dezember ka gestëmmt an eng nei Regierung forméiert ginn.

Kritiker gesinn d'Gefor vun engem Schattenhaushalt

E grousse Knackpunkt bléift allerdéngs d'Fro, wéi een déi vill Investitioune finanzéiere soll. Minimum 50 Milliarde sollen all Joer an d'klimafrëndlech Moderniséierung vum Land gestach ginn. Dat ass am Sondéierungspabeier festgehalen. Et soll keng Steiererhéijunge ginn an och d'Scholdebrems soll net opgeweecht ginn. Wou kommen d'Suen also hier? De Volker Wissing huet dofir plädéiert, iwwer d'staatlech Förderbank KfW ze verfueren. Och de Bundesgeschäftsführer vun de Gréngen, de Michael Kellner huet sech am "ZDF Morgenmagazin" dofir ausgeschwat. Et géif do eng Rei vu Stellschrauwe ginn un deenen een dréine kéint.

De Plang staatlech Investitiounen iwwer ëffentlech Entreprisen ze finanzéieren ass awer net onëmstridden. Kritiker werfen de Koalitiounspartner vir, e Schattenhaushalt opzebauen fir d'Scholdebrems ze ëmgoen. De Christian Lindner, dee jo als Finanzminister gehandelt gëtt, sot den Donneschdeg bei der Maybrit Illner an der Sendung, hie wéilt och méi privat Investitiounen. Een Deel vun deene privaten Investitioune sollen duerch ëffentlech Investitioune stimuléiert ginn.

Et leeft nach net alles ronn

Iwwerdeems huet d'Annalena Baerbock vun de Gréngen an der Sendung d'geplangte Klimaziler verdeedegt, nodeems den Norbert Röttgen vun der CDU kritiséiert hat, dës wieren net méi progressiv wéi déi vun der aktueller Regierung.

D'Koalitiounsverhandlungen lafen also, mee et leeft nach net alles ronn fir den Trio aus SPD, FDP an de Gréngen. Déi nächst Woche wäerte weisen, wéi stiermesch et och nach am Koalitiounspoker ka ginn.