Radioen

On air

Simon Says  |  Anthologie: Good Morning Vietnam (Cd 1) - Box Tops, The - The Letter

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wouhi mam Bauschutt?

Deponien zu Lëtzebuerg

Wouhi mam Bauschutt?

Zu Lëtzebuerg ginn et de Moment eelef Bauschuttdeponien. Dat wieren der awer net genuch, beschwéiere sech d'Entrepreneuren. Wéinst der grousser Aktivitéit am Bausecteur, wieren d'Deponien an der Regel zimlech séier voll. Deelweis schonn no dräi Joer, obwuel sechs Joer pro Deponie virgesi sinn.

auto_stories

3 min

Zu Lëtzebuerg ginn et de Moment eelef Bauschuttdeponien (Foto: Bigstock)

Vun den eelef Bauschuttdeponien zu Lëtzebuerg géifen der nëmme fënnef gutt funktionéieren, seet de Pol Faber, Generalsekretär vum "Groupement des Entrepreneurs". Et wiere méi Dechargen néideg. Mat 15 Bauschuttdeponien uechtert Land wier den Accès méi einfach.

Héich verfügbar Kapassitéit

De Yves Jacoby vun der Ëmweltverwaltung fënnt awer net, datt d'Situatioun esou kritesch ass. D'Situatioun misst suivéiert ginn. An dat wier dat, wat si och géife maachen. Wann een d'Zuele vun de Kapassitéiten hei am Land kucke géif, da wier dat souguer zimlech gutt an et wier an engem héije Beräich am verglach zu der Kapassitéit an anere Länner. An de leschte Méint hätt ee Site fir Dechargë gesicht a 15 potentiell Standuerter wieren zeréckbehale ginn. E Site misst awer e puer Kritären erfëllen, iert eng Deponie kéint realiséiert ginn.

Ënner anerem misst se accessibel sinn, d'Ëmwelt dierft net geschiedegt ginn an d'Bierger dierften net duerch Knascht oder Kaméidi gestéiert ginn. "Léisungméiglechkeete wäeren déi datt ee vu Säite vun der Ëmweltverwaltung misst gekuckt gi fir d'Critère wou eng Bauschuttdeponie kéint hikommen datt déi erofgesat ginn", seet de Pol Faber.

Deponie zu Stroossen gëtt zougemaach

Fir hie wier d'geographesch Lag vun den Deponie problematesch. Jee nodeems wou de Chantier am Land wier, misst de Camion wäit Weeër fueren. Doduerch géif et méi Stau op de Stroossen ginn, et wier ëmweltschiedlech an et géif den Entrepreneur Sue kaschten.

Dem Pol Faber no wieren d'Deponien de Moment iwwerlaascht an d'Camione géifen deelweis zwou bis dräi Stonnen an der Decharge waarden. Am Fall vun der Deponie vu Stroossen géifen am Plaz vun de geplangten 8.000 Tonne pro Dag, och mol bis zu 12.000 ofgetippt ginn. Dofir géif Stroossen an den nächste Méint och zougoe seet den Yves Jacoby vun der Ëmweltverwaltung. Déi Nouvelle géif zwar Drock op de Secteur ausüben, awer et wiere genuch Deponien am Reseau fir d'Fermeture vu Stroossen opzefänken.

Manner baggeren, méi no uewe bauen

Datt Lëtzebuerg souvill Bauschutt huet, géif no dru leien, datt de Bausecteur ganz gesond wier, seet de Pol Faber. "Mir produzéieren net méi wéi am Ausland. D'Baubranche ass zu Lëtzebuerg funktionéiert nach ëmmer, et gëtt nach eenegermoosse vill gebaut an dat bréngt mat sech datt mir musse Bauschutt oder Bodenaufschub produzéieren."

Fir de Problem ze léise géif et awer net duer goen nëmme nei Deponien opzeriichten. Do si sech de Pol Faber an den Yves Jacoby eens. Bei der Aart a Weis, wéi zu Lëtzebuerg gebaut gëtt misst awer ëmgeduecht ginn. Et géif hei am Land vill ënnerkellert ginn, wat bedeit, datt vill Buedem misst ausgebaggert ginn. Et wier besser méi an d'Héicht ze bauen. Et sollt besser geplangt, a manner gebaggert ginn, seet den Yves Jacoby. Dat wier am Interêt vu jidderengem an et géif d'Käschten erofsetzen. Dat wier awer zu Lëtzebuerg am Bausecteur nach net ganz ukomm an dat wier dee gréissten Defi.

Och de Pol Faber, vum "Groupement des Entrepreneurs" fënnt, datt een do usetze misst. Dat géif awer bedeiten, datt een de Bierger och erlabe misst méi an d’Luucht ze bauen. Dofir missten awer fir d'éischt d'Bautereglementer geännert ginn, wat laang dauere kéint.

Och e besseren ëffentlechen Transport kéint hëllefen, esou den Yves Jacoby. Wann d'Bierger manner mam Privatauto fueren, wieren zum Beispill manner Parkingen néideg an deemno misst och da manner ausgebaggert ginn.