Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ WSA-Gelder fir Mauer tëscht USA a Mexiko

US-Mauerbau

WSA-Gelder fir Mauer tëscht USA a Mexiko

Den Ausseminister Jean Asselborn confirméiert op Nofro hin, datt déi amerikanesch Regierung wëllt Gelder, déi eigentlech fir den Ausbau vun der WSA zu Suessem geduecht waren, fir de Bau vun engem Zonk op der Grenz mat Mexiko ausginn.

auto_stories

1 min

Déi amerikanesch Tëlees-Chaine CNN hat Enn leschter Woch scho gemellt, datt - ënner anerem - ronn 67 Milliounen Dollar, déi fir d'Warehouse Service Agency mat Sëtz zu Lëtzebuerg geduecht waren, solle fir deen Zweck ofgezu ginn. De Jean Asselborn präziséiert, datt d'Zomm, déi am Spill ass, fir de geplangten Ausbau vun der WSA geduecht waren. Onkloer ass elo, ob deen Ausbau trotzdem realiséiert gëtt oder net. Et géif een de Moment op Detailer vun den amerikaneschen Autoritéite waarden, sou den LSAP-Ausseminister. D'WSA zu Suessem stockéiert Equipementer a Material vun der amerikanescher Arméi, dat op Basis vun engem bilateralen Accord tëschent Lëtzebuerg an den USA. Den Deputéierte Marc Spautz, CSV, huet eng parlamentaresch Fro zum Thema gestallt.