Wuert vum Joer 2022: Ukrainkrich

Ukrainkrich ass d'Wuert vum Joer zu Lëtzebuerg. Dat deelt Educatiounsministère de Moien an engem Communiqué mat. Op d'Plazen zwee an dräi kommen d'Wieder Energiekris a Präisdeckel.

Wuert vum Joer 2022

D'Wuert vum Joer ass eng Initiativ vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch an Zesummenaarbecht mam radio 100,7 an RTL Lëtzebuerg.

Fir dës drëtt Editioun konnten d'Leit vun Enn November bis den 12. Dezember Proposen areechen. Am Ganze wiere ronn 335 Propose mat engen 170 verschiddene Wieder am Zenter ukomm.

Nodeems eng Shortlist mat den 20 meeschtgenannte Wieder zesummegestallt gouf, huet duerno ee Jury d'Wieder vum Joer decidéiert.

Méi zum Thema

D'Wuert vum Joer
Lëtzebuerger Sprooch

Dëst Joer gëtt et eng éischte Kéier och zu Lëtzebuerg e Wuert vum Joer. Aus 540 Propose huet e Jury "Corona" als Wuert vum Joer zeréckbehalen. Op Plaz zwee kënnt #bleiftdoheem, op Plaz dräi Heibleifskärchen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen